Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Mus Klio. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Klio (Homonymie)

An der griichescher Mythologie war d'Klio (algr. Kleiô) d'Muse vun der Geschicht a vun der Heldendichtung.

Klio
Deel vun Mus
Geschlecht weiblech
Famill
Liewenspartner(in) Apollo
Papp Zeus
Mamm Mnemosyne
Geschwëster Melpomene, Urania, Euterpe, Terpsichore, Erato, Polyhymnia, Thalia, Kalliope

Si gëtt meeschtens als jonkt Meedche mat Lorberkranz duergestallt, mat den Attributer Papyrusrouleau a Griffel. Et gëtt och Duerstellunge mat enger Gittar, well d'Klio och deelweis als Erfinderin vun der Gittar ugesi gëtt. Och heiansdo gesäit ee si op enger Weltkugel sëtzen, als Symbol fir d'Geschicht déi all Länner an all Zäiten anhëlt. D'Klio ass ausserdeem d'Schutzpatréinesch vun den Historiker.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Klio – Biller, Videoen oder Audiodateien