Ministère des Affaires étrangères et européennes

fréiere lëtzebuergesche Ministère

Den Aussen- an Europaministère (kuerz: Ausseministère), (fr: Ministère des Affaires étrangères et européennes) war vun 1999 bis 2023 e Ministère zu Lëtzebuerg, deen d'Aussen- an d'EU-Politik vu Lëtzebuerg definéiert an ëmgesat huet an d'Aussepolitik vun der Lëtzebuerger Regierung koordinéiert huet.

Ministère des Affaires étrangères et européennes
Mansfeld Gebai, Sëtz vum Ausseministère
Aussen- an Europaministère
Land Lëtzebuerg
Minister Jean Asselborn
Verwaltungssëtz Fréiere Justizpalais
Adress 9, rue du Palais de Justice L-1841 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 1999
Um Spaweck https://maee.gouvernement.lu/

Mat der Regierung Frieden-Bettel gouf en de 17. November 2023 mam Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel ersat.

Allgemenges änneren

Den Ausseministère agéiert am Interessi vum Land a senge Bierger. E setzt sech als Zil e koherent Konzept an de Beräicher vun der Diplomatie, der Verdeedegung, der Entwécklung an der Immigratioun.

Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun deene meeschte groussen internationalen Institutiounen, ënner anerem vun der Europäescher Unioun a vun der Organisatioun vun de Vereenten Natiounen (UNO), a setzt sech besonnesch fir déi europäesch Integratioun a fir de Multilateralismus an. Déi lëtzebuergesch Diplomatie vertrëtt d'Wäerter vu Fräiheet, Fridden a Sécherheet, a setzt sech a fir Demokratie, Mënscherechter, verantwortlech Staatsféierung a Rechtsstaatlechkeet, Solidaritéit an nohalteg Entwécklung. Se ass permanent beméit, de Respekt vum internationale Recht ze schützen an ze stäerken.

Déi lëtzebuergesch Diplomatie steet am Déngscht vun de Lëtzebuerger, vun de staatlechen Institutiounen, vum Privatsecteur a vun der Zivilgesellschaft, fir sämtlech lëtzebuergesch Interessen am Ausland ze vertrieden an ze verdeedegen, souwuel um politeschen an um konsularesche Plang wéi och an de Beräicher vun der Wirtschaft, vum Handel a vun der Kultur a gläichzäiteg de Markenimage vum Land ze fërderen.

Kompetenz vum Ausseministère änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert der Kompetenz vum Ausseministère waren, sinn am Arrêté grand-ducal vum 28. Mee 2019 festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

An d'Kompetenz vum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete falen ë. a.:

  • d'Koordinatioun an d'Ëmsetzung vun der Politik vun der Entwécklungszesummenaarbecht;
  • d'Relatioune mat den Netregierungsorganisatiounen, asw.

D'Zoustännegkeet vum Verdeedegungsminister begräift:

  • déi allgemeng Verdeedegungspolitik;
  • d'international Kooperatiounspolitik am Beräich vun der Verdeedegung;
  • d'Verdeedegung vum Land an d'Hëllef bei Katastrophen duerch d'Arméi;

De Minister fir Immigratioun an Asyl ass zoustänneg fir:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ministère des Affaires étrangères et européennes – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten änneren

  1. Arrêté grand-ducal du 28 mai 2019 portant constitution des Ministères. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-07-24.