Centre de rétention (Lëtzebuerg)

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Centre de rétention um Findel an der Gemeng Sandweiler ass en Zenter fir illegal Immigranten a Persounen deenen hir Demande fir de Statut vum Asylant zu Lëtzebuerg zeréckgewise gouf, an déi net mat enger fräiwëlleger Réckféierung an d'Land aus deem se koumen averstane sinn.

De Centre de rétention (hanne lénks am Bild) um Findel.

Déi betraffe Persounen däerfen den Zenter net verloossen a bleiwen do, bis datt se ënner Zwang zeréckgefouert ginn. D'Gesetz seet, datt Eenzelpersoune bis zu sechs Méint, ausnamsweis bis zu engem Joer, do bleiwen däerfen. Famillje mat Kanner däerfen nëmme bis zu 72 Stonnen am Zenter bleiwen.

De Centre de rétention gouf duerch d'Gesetz vum 28. Mee 2009 geschaf. En huet am September 2011 seng Dieren opgemaach.

Bis am September 2011 goufen déi betraffe Persounen am Prisong zu Schraasseg ënnerbruecht.

Zuelen änneren

2014 goufen 264 Männer, 17 Fraen a 27 Familljen zäitweis am Centre de rétention ënnerbruecht. De Budget vum Centre louch 2014 bei 4,3 Milliounen Euro.[1]

Source änneren

  • Zwank, R. (Text) an D. Clarens (Fotoen), 2011. Zwischenbilanz nach zwei Monaten Betrieb im "Centre de rétention". Mit Ruhe gegen den Stress der Rückführung. Luxemburger Wort vum 22. Oktober 2011, S. 28-29.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Smirr, K., 2015. Das "Centre de rétention" vier Jahre nach seiner Eröffnung. Nichts verbrochen und doch in Haft. Hilfsorganisationen für Alternativen zur Unterbringung im Abschiebezentrum. Luxemburger Wort vum 27. Juli 2015, S. 19.