Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier

lëtzebuergesche Stomm-, Kuerzfilm aus dem Joer 1907, den éischte Lëtzebuerger Film

Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier ass e schwaarz-wäisse Stommfilm aus dem Joer 1907, deen de Peter a Wendel Marzen fir de Champagner-Produzent Mercier gedréint hunn. E gëllt als ee vun den éischte Lëtzebuerger Industriefilmer.[1]

Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1907
Première 1907
Format 1,37:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Stommfilm
Ekipp
Regie Peter Marzen, Wendel Marzen
Schauspiller
keng (Documentaire)

Mercier hat zu där Zäit eng grouss Succursale an der Stad Lëtzebuerg, wou de Wäin aus der Champagne a Fässer importéiert gouf, zu Schampes weiderverschafft a vun do aus (virun allem an Däitschland) weiderverkaf gouf.

Ëm wat geet et am Film?Änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mercier (Champagner).

Am Fim ze gesinn sinn ë. a. d'Aarbechter (dorënner Kanner) déi de Schampes a Fläschen offëllen, a wéi d'Fläschen am Keller gedréint ginn, a méi spéit agepaakt gi fir den Transport. Ze gesinn ass weiderhin d'Kuerffabrick am Weidendall bei Koplescht, wou d'Kierf fir den Transport gemaach goufen. Weider gesäit een eng Klappjuegd, a wéi no Feierowend d'Aarbechter, d'Bürosleit an zulescht d'Direktioun d'Fabrick verloossen.[2]

SossÄnneren

De Film ass ee vun den éischten Industriefilmer, déi zu Lëtzebuerg gedréint goufen. E gouf 1961 erëmfonnt, wéi d'Spuerkeess d'Gebaier vun der Fabrick, déi zougemaach gi war, opkaaft hat. De Film gouf 1963 vum Philippe Schneider restauréiert a mat Commentairen an e puer Zeene vun dunn ënner dem Titel Regards sur le passé erausbruecht.[2]

1999 gouf de Film frësch vum CNA restauréiert a mat enger Musek vum Alain Pierre sonoriséiert.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

  • Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier op YouTube

ReferenzenÄnneren

  1. Beschreiwung am Bichelche vun den Internationale Kurzfilmtage Oberhausen 2018 (Säit 265)
  2. 2,0 2,1 Fiche op cna.lu