Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Wendel Marzen, gebuer den 22. November 1847 zu Tréier a gestuerwen ëm de 16. September 1947[1], war e Filmregisseur a Kinobedreiwer.

Wendel Marzen
Gebuer 22. November 1847
Gestuerwen 16. September 1947
Aktivitéit Filmregisseur

Hien hat 1902,1903 an 1906 mat sengem "Edison Kinematograph" am Sall Baumann (Münchener Kindl) zu Saargemünd Filmer gewisen.

Den 12. November 1911 huet hien de Cinéma Parisiana am Schoulbierg (haut: Clairefontaine-Plaz) an der Stad Lëtzebuerg opgemaach.

De Wendel Marzen war de Papp vun de Bridder Hubert a Peter Marzen.

Filmographie änneren

  • Ein Besuch in der Champagnerfabrik Mercier (zesumme mam Peter Marzen), 1907
  • Pfingstfeierlichkeiten in Echternach, 1906
  • Kavalkade in Luxemburg, 1905
  • Korbweidenkultur in Kopstal, 1904
  • Kirchgang der Magistratur von Luxemburg zur Feier des Te Deum am Gebuertstagsfeste des Großherzogs, 1902/1903
  • Parade zum Geburtstage des Prinzregenten Luitpold in Saarguemünd.1906
  • Fabrikausgang in Saarguemünd.1906
  • Ausgang aus der Synagogue von Saarguemünd.1906
  • Springprozession in Echternach 1902,
  • Springprozession in Saarguemünd.1903
  • Mittagstunde an der Kreutzstrasse in Saarguemünd.1903
  • Die Feuerwehr-Kapelle am Ostersonntag in Saarguemünd.1903

Literatur änneren

  • Brigitte Braun, Uli Jung: "Local Films from Trier, Luxembourg and Metz: A Successful Business Venture of the Marzen Family, Cinema Owners." In: Film History Vol. 17, No. 1, Local Film (2005), S. 19-28.

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 286