C/2013 A1 (Siding Spring)

Den C/2013 A1 (Siding Spring) ass e Koméit aus der Oort-Wollek. Hie gouf den 3. Januar 2013 vum Robert McNaught um Siding Spring Observatoire mat engem Schmidt-Teleskop entdeckt. Nodréiglech gouf erkannt, datt schonn den 8. Dezember 2012 Biller mam Catalina Sky Survey opgeholl goufen. Bei senger Entdeckung war de Koméit 7,2 AE vun der Sonn ewech.

C/2013 A1 (Siding Spring)
De Koméit, opgeholl den 11. Mäerz 2014 vum Hubble-Weltraumteleskop.
Orbittyp hyperbolesch
Grouss Hallefachs ?
Perihel 1,3996 AE
Aphel ? AE
Numeresch Exzentrizitéit 1.00038
Perihelduerchgank 25. Oktober 2014
Ëmlafdauer
Ëmlafvitess
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker Robert H. McNaught
Entdeckungsdatum 3. Januar 2013
Aner Bezeechnungen

Laanschtfluch beim Planéit Mars änneren

De Koméit ass den 19. Oktober 2014 um 20:27 Auer MESZ mat enger Vitess vun 203.000 km/h op enger Distanz vu ronn 140.000 Kilometer laanscht de Planéit Mars gezunn. Den Laanschtfluch gouf aus dem All a vum Mars aus vun op d'mannst 16 Instrumenter observéiert, dorënner vum Hubble-Weltraumteleskop, dem Mars Science Laboratory an der Raumsond Mars Atmosphere and Volatile Evolution[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  1. Komet Siding Spring raste 140.000 km am Mars vorbei. Spiegel Online vom 20. Oktober 2014, ofgeruff den 20. Oktober 2014.