Haaptmenü opmaachen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg (2008)

De Lycée des arts et métiers, kuerz LAM, ass déi fréier Handwierkerschoul, déi am Joer 1896 gegrënnt ginn ass, an ass deen eelsten ëffentlechen technesche Lycée vu Lëtzebuerg.

HistoriqueÄnneren

Duerch d'Gesetz vum 14. Mäerz 1896 gouf d'École d'artisans de l'État an d'Liewe geruff.

D'Gesetz vum 30. September 1909 huet festgeluecht e Gebai fir dës Schoul an der Stad Lëtzebuerg ze bauen.

Den 9. Juli 2015 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem den Uelzecht-Lycée an de Lycée technique des arts et métiers integréiert soll ginn.[1]

Den 9. November 2017 gouf d'Gebai op den Zousazinvetnaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

DirekterenÄnneren

AktivitéitenÄnneren

Schüleraktivitéiten hunn eng gewëssen Traditioun am LAM. All Schüler ka sech e Projet ausdenken an en der Direktioun virstellen. Och gëtt et Projeten, déi zwar vum LAM offiziell unerkannt sinn, déi awer vu Schüler gefouert ginn.

D'Schüler vum LAM sinn och zanter 2008 am Lampertsbierger Schülerorchester aktiv.

Schoul emol aneschtÄnneren

Ee Beispill vu villen ass d'Manifestatioun "Schoul emol anescht" (vun de Schüler einfach "Schoulfest" genannt), déi reegelméisseg all Joer an der Mëtt vum 3. Trimester ass. Hei hu Schüler d'Méiglechkeet, sougenannten Ateliere virzestellen a virzebereeden. Beispiller vu reegelméissegen Ateliere sinn: Mountain-Bike mat vun der Schoul bezueltem Transport op de Bambësch, Miss/Mister LAM, Kachen a Magic.

Schüler hëllefe SchülerÄnneren

De Service de psychologique et d'orientation scolaire (SPOS) verwalt all Joer eng Lëscht mat Schüler, déi entweder gratis oder géint Bezuelen anere Schüler Nohëllef ginn. Dobäi ginn déi Schüler och vum SPOS aktiv ënnerstëtzt, andeems se déi richteg Aart a Weis vum Léiere bäibruecht kréien. Natierlech gëtt och dem Schüler säin Duerchschnëtt an deem Fach gekuckt, an deem e wëll Nohëllef ginn. Sou ka séchergestallt ginn, datt all Schüler op der Lëscht och eppes vu sengem Fach versteet.

Déi Iddi war och fir den Internet ëmgesat ginn. Sou hat den LAM och en offizielle Forum fir Aufgabenhëllef, wou all Schüler aus dem LAM sech konnt umellen. Och hei gouf den Inhalt vu Professeren, awer och vun anere Schüler kontrolléiert. Dee Projet war vum Schüler Mike Ferreira Esteves am Februar 2005 op d'Bee gesat ginn; gouf awer 2007 erëm ofgeschaaft.

LiteraturÄnneren

  • Jean-Pierre Kunnert: L'histoire du LTAM [Lycée Technique des Arts et Métiers]: l'histoire de notre école avec l'image pour mémoire ; in: 100 Joer Handwierkerschoul ; Lëtzebuerg, LTAM, 1996; Ss.12-36.
 
Vue vun uewen

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. "Deux lycées fusionnent." Le Quotidien, 10. Juli 2015, S. 5.
  2. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste des immeubles et objets classés Monuments nationaux ou inscrits à l'Inventaire supplémentaire. (Lescht Versioun vum 10. Oktober 2019).