Nationalen Dictéesconcours

Den nationalen Dictéesconcours gouf am Joer 1996 vum Lycée technique des arts et métiers am Kader vu sengem 100. Gebuertsdag a vum Programm "Apprendre toute la vie" lancéiert[1] a gëtt zanterhier all Joer organiséiert.

D'Diktater ginn an den dräi Sprooche Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch ofgehalen. An der Editioun 2018 war och fir d'éischt Kéier en Diktat op Englesch derbäi. D'Texter gi vu Sproocheprofesseren oder Schrëftsteller preparéiert an diktéiert.

Zanter 2005 gëtt dat nationaalt Diktat vum LAM an Zesummenaarbecht mat RTL Radio Lëtzebuerg am Kader vun de Walfer Bicherdeeg ofgehalen. D'Leit kënne sech umellen, fir op der Plaz op de Walfer Bicherdeeg matzemaachen, oder doheem iwwer de Radio deelhuelen. D'Opléisung gëtt um Internet publizéiert.

Editiounen änneren

Editioun Auteur vum Lb-Text Titel/Theema a Link op den Lb-Text
26 - 2022 Luc Martling De pensionéierten Diktator
25 - 2021
24 - 2019 Jemp Schuster Diktat 2019
23 - 2018 Jemp Schuster Diktat 2018
22 - 2017 Jemp Schuster Diktat 2017
21 - 2016 Jemp Schuster Diktat 2016
20 - 2015 Jemp Schuster Diktat 2015
19 - 2014 Jemp Schuster Vu Feierdeeg a Feierlechkeeten.
18 - 2013 Jemp Schuster RTL Diktat 2013
17 - 2012 Jemp Schuster Philosophesch Gedanken
16 - 2011 Jemp Schuster Maach mer kee V fir en F vir
15 - 2010 Jemp Schuster Musek
14 - 2009 Jemp Schuster Zëssilendag
13 - 2008 Jemp Schuster Sport ass kee Spaass
12 - 2007 ? Dem Superjhemp säin 20. Gebuertsdag
11 - 2006 Jemp Schuster Dat lëtzebuergescht Diktat
10 - 2005 Jemp Schuster Den Tour de France

Referenzen änneren

  1. Quell: http://www.ltam.lu/main.php?qsCat=autour&qsPage=06_theatre&qsFile=Cyranos

Um Spaweck änneren