Uelzecht-Lycée

Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Uelzecht-Lycée zu Dummeldeng (2007)

Den Uelzecht-Lycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaireschoul, déi no bei der Dummeldenger Gare steet.

Den 9. Juli 2015 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem den Uelzecht-Lycée an de Lycée technique des arts et métiers integréiert soll ginn. [1]


HistoriqueÄnneren

Duerch Gesetz vum 20. Januar 2003 krut d'Regierung d'Erlabnis fir zu Lëtzebuerg-Dummeldeng en Annexe-Gebai vum Lycée technique du Centre (LTC) ze bauen. Et gouf awer duerno festgestellt, dat et besser wier, fir en neien onofhängege Lycée opzeriichten. D'Schüler aus de fënnef provisoreschen Annexe-Gebaier vum LTC sollten do regruppéiert ginn.

De 14. Juli 2007 (Gesetz vum 9. Juli 2007) gouf dee Lycée zu Lëtzebuerg-Dummeldeng an d'Liewe geruff. Dëse krut duerch Règlement grand-ducal vum 9. Juli 2007 den Numm "Uelzecht-Lycée".

De 15. September 2007 sinn déi éischt Schoulklassen, mat ronn 600 Schüler, am Uelzecht-Lycée agezunn. D'Schoul gouf de 14. Dezember offiziell ageweit.

Direkter ass de Serge Winandy.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. "Deux lycées fusionnent." Le Quotidien, 10 Juili 2015, S. 5.