Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel vu Lëtzebuerg

De Poste vum Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel ((fr) Ministre de l'économie et du commerce extérieur) gëtt et an der Lëtzebuerger Regierung zënter dem 15. Juli 1964, dacks a Verbindung mat anere Portefeuillen.

Vum 15. Juli 1964 bis de 6. Februar 1969 housch e Minister fir national Ekonomie an Energie ((fr) Ministre de l'économie nationale et de l'énergie). Dono gouf d'Kompetenz fir d'Energie dem Transportminister iwwerdroen, an d'Wirtschaft gouf mat anere Beräicher zesummegeschloen, sou datt den Numm ewell Minister fir national Ekonomie, Mëttelstand an Tourismus ((fr) Ministre de l'économie nationale, des classes moyennes et du tourisme) war. De 16. September 1977 gouf den Tourismus ofgespléckt an den Titel zu Minister fir national Ekonomie a Mëttelstand ((fr) Ministre de l'économie nationale et des classes moyennes).

De 14. Juli 1989 gouf den Titel Wirtschaftsminister (respektiv Minister fir Ekonomie) gegrënnt a blouf iwwer d'Joren esou, och wann aner Responsabilitéite bäikoumen. 2004 ass et de Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel ((fr) Ministre de l'économie et du commerce extérieur) ginn an zanter 2013 ass et just nach Wirtschaftsminister ((fr)Ministère de l'économie).

Lëscht vun de Wirtschaftsministeren änneren

Minister Partei vu bis Premierminister
Antoine Wehenkel LSAP 15. Juli 1964 6. Februar 1969 Pierre Werner
Marcel Mart DP 6. Februar 1969 15. Juni 1974
15. JunI 1974 16. September 1977 Gaston Thorn
Gaston Thorn DP 16. September 1977 16. Juli 1979
16. Juli 1979 22. November 1980 Pierre Werner
Colette Flesch DP 22. November 1980 20. Juli 1984
Jacques Poos LSAP 20. Juli 1984 14. Juli 1989 Jacques Santer
Robert Goebbels LSAP 14. Juli 1989 26. Januar 1995
26. Januar 1995 7. August 1999 Jean-Claude Juncker
Henri Grethen DP 7. August 1999 31. Juli 2004
Jeannot Krecké LSAP 31. Juli 2004 1. Februar 2012
Etienne Schneider LSAP 1. Februar 2012 20. Oktober 2013
20. Oktober 2013 4. Februar 2020 Xavier Bettel
Franz Fayot LSAP 4. Februar 2020 17. November 2023
Franz FayotEtienne SchneiderJeannot KreckéHenri GrethenRobert GoebbelsJacques PoosColette FleschGaston ThornMarcel MartAntoine Wehenkel

Um Spaweck änneren


Quell änneren

  • Thewes, Guy: « Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848. » (um Spaweck)