Loftfaart
D'Loftfaart, och Fligerei, Aviatioun, oder Aeronautik, ass den Transport vu Material oder Liewensmëttel an der Loft ouni Verbindung mat der Äerduewerfläch. De Begrëff ëmfaasst all d'Persounen, d'Entreprisen, d'Aktivitéiten an Deelgebidder (och um Buedem), déi mam Betrib vu Fligerem zesummenhänken.
Juristesch gëtt d'Bezeechnung Loftverkéier benotzt (kuckt Loftverkéiersgesetz). Fir den ingenieurwëssenschaftleche Beräich kuckt Loft- a Raumfaarttechnik.
Urspronk vun de Bezeechnungen
ännerenD'Bezeechnung "Loftfaart" gouf am 19. Joerhonnert an Uleenung un d'Séifaart gepräegt. Dat huet sech bis haut doran erhalen, datt fir Loftschëffer d'Verb "fueren" benotzt gëtt. De Begrëff Aeronautik (fr: aéronautique, en: aeronautics) staamt och aus der Zäit vun de Loftschëffer (zum Beispill Ballonen oder Zeppelinen).
Geleeëntlech gëtt d'Wuert Aviation (mat englescher Aussprooch) als Friemwuert am Däitsche benotzt; zum Beispill bezeechent sech d'Lufthansa als „Aviation-Konzern“.[1]
Ënnerscheed no Asaz
ännerenEt ënnerscheet een zwéi Beräicher resp. Aarte vu Loftfaart:
Zivil Loftfaart
ännerenHaaptartikel zu dësem Theema: Zivil Loftfaart
Déi zivil Loftfaart kann een opdeelen an:
- D'geschäftsméisseg Loftfaart mécht de reegelméissegen, ëffentlechen a kommerzielle Loftverkéier resp. Charter- a Geleegenheetsverkéier.
- D'Allgemeng Loftfaart regruppéiert de private Loftsport, kommerziell Geschäftsflich awer och Flich mat spezieller Uweisung, beispillsweis Flich vun der Polizei oder der Loftrettung.
Militäresch Loftfaart
ännerenHaaptartikel zu dësem Theema: Militäresch Loftfaart
Déi betrëfft all Fluchbetrib mat militäresche Loftgefierer oder fir militäresch Zwecker.
Ënnerscheed no Prinzip
ännerenBei der Loftfaart gëtt ausserdeem no der Aart vum Opdriff an zwou Aarten agedeelt:
- Méi schwéier wéi Loft (dynameschen Opdriff): Fligeren an Helikopteren
- Méi liicht wéi Loft (stateschen Opdriff): Ballonen, Loftschëffer (Zeppelin als de bekanntste Vertrieder)
Donieft gëtt et nach soug. Hybridloftschëffer, déi di zwou Opdriffsaarte benotzen.
International Loftfaart
ännerenFir d'Koordinatioun an der internationaler Loftfaart goufe vill Ofkommesse gemaach, zum Beispill am Dezember 1944 d'Chicagoer Ofkommes, mat deem d'International Civil Aviation Organization (ICAO) gegrënnt gouf. Als eenheetlecht Alphabet gouf fir d'Loftfaart d'ICAO-Alphabet festgeluecht. Auerzäite gi grondsätzlech an UTC uginn.
D'IATA ass den Daachverband vu weltwäit 250 Fluchgesellschaften, déi ronn 94 % vun allen internationale Flich maachen.
Geschicht
ännerenHaaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vun der Loftfaart
Kuckt och:
Loftfaart an Zäreneffet
ännerenDen Undeel vum Fluchverkéier an de weltwäiten CO2-Emissioune vum Verkéier war no Ausso vun IPCC am Joer 1999 ongeféier 12 %. Den Undeel un alle globalen CO2-Emissiounen ass ronn 2,4 %.
Den Undeel vun der Loftfaart am weltwäite vum Mënsch verursaachten Deel beim Zäreneffet ass no der IPCC-Studie vun 1999 zirka 3,5 %.[2]
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Herbert Groß: Luftfahrt-Wissen. Von den Grundlagen bis zur Pilotenlizenz. 2. Auflage. Motorbuch, Stuttgart 2005. ISBN 3-613-02378-4 (Inhaltsangabe).
- Helmuth Trischler, Kai-Uwe Schrogl (Hrsg.): Ein Jahrhundert im Flug. Luft- und Raumfahrtforschung in Deutschland 1907–2007. Campus, Frankfurt am Main u. a. 2007, ISBN 978-3-593-38330-9.
- Niels Klußmann, Arnim Malik: Lexikon der Luftfahrt. Springer, Berlin 2007, ISBN 978-3-540-49095-1.
- (en) Bharat Kumar et al.: An illustrated dictionary of aviation. McGraw-Hill, New York, NY 2005, ISBN 0-07-139606-3
- (en) Ahmed K. Noor: Future aeronautical and space systems. American Institute of Aeronautics & Astronautics, Reston 1997, ISBN 1-56347-188-4.
- E. Charles Vivian: A History of Aeronautics. 1920, ISBN 978-1-4142-1702-4
- (en) (online.
Um Spaweck
ännerenCommons: Loftfaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Homepage der Lufthansa (Januar 2011) Archivéiert de(n) 17.05.2011. Gekuckt de(n) 03.01.2019.
- ↑ Joyce E Penner: IPCC special report on Aviation and the Global Atmosphere. Intergovernmental Panel on Climate Change, 1999. ISBN 92-9169-111-9