Lukas Arons
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Lukas Arons, gebuer den 10. Abrëll 1968 zu Renkum an der hollännescher Provënz Gelderland, ass en hollännesche Sculpteur.
Lukas Arons | |
---|---|
Gebuer | 10. Abrëll 1968 |
Nationalitéit | Holland |
Aktivitéit | Sculpteur |
Vun 1989 bis 1992 huet hien zu Rotterdam op der Willem de Kooning Academy Skulptur studéiert. E weidere Studium huet hien op der Academie van Kunst en Vormgeving zu Den Bosch an der Monumental-Skulptur gemaach a krut do 1994 den Ofschlossdiplom.
Am Summer 2007 huet hie beim Muse Symposium fir Sculpteuren zu Käerch matgemaach, zesumme mat dem Lëtzebuerger Tom Flick (Organisateur vum Projet), dem Norweger Peder Istad an dem Schwed Lars Widenfalk.
Wierker
änneren- Muse Noire 2007 virun der Banque centrale du Luxembourg an der Stad Lëtzebuerg, Lëtzebuerg (2007)
- Stengeforter Héichuewen, zesumme mam Peder Istad, zu Stengefort, Lëtzebuerg
- Thomas Thorild-Monument zu Hällevadsholm an der Provënz Västra Götalands län, Schweden (2009)