Tom Flick

lëtzebuergesche Sculpteur
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Tom Flick, gebuer den 19. Juli 1968 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Sculpteur.

Tom Flick
Gebuer 19. Juli 1968
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Member vun Sixthfloor

Nodeem hien am Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg op der Beaux-Arts-Sektioun seng Schoul gemaach hat, huet hie säi Studium op der Universität für angewandte Kunst - Meisterklasse für Bildhauerei zu Wien gemaach.

Säin Atelier, deen zum Kollektiv Sixthfloor gehéiert, huet hien op der Neimillen zu Käerch.

Well hie vun der Julia Roberts passionéiert ass, huet hie sech vun der US-amerikanescher Schauspillerin fir seng Alabaster-Skulpturen Mount-julia a Mount-julia 2 inspiréiere gelooss.

Wierker änneren

  • Les traces ineffaçables (2017), Monument bei der Gare zu Walfer[1]
  • D'Sail Aqua fons vitae zu Munneref
  • Deep White
  • Phoenix a Still Moment beim Centre de Convalescence beim Kolpecher Schlass

Ausstellungen änneren

Muse Symposium änneren

 
Muse Symposium 2007

Am Summer 2007 hat den Tom Flick de Muse Symposium zu Käerch organiséiert. Hien huet dohin dräi Sculpteuren agelueden, déi hien a Schweden am Kader vun engem Workshop begéint hat: den Hollänner Lukas Arons, den Norweger Peder Istad an de Schwed Lars Widenfalk.

Den Tom Flick a seng dräi Invitéën hate sech als Zil gesat, fir an engem Zäitraum vun dräi Woche véier Musen aus grousse Granit-Bléck z'erschafen. Intresséierter haten d'Méiglechkeet, de Sculpteure bei der Aarbecht nozekucken an op der Plaz eng Ausstellung mat Wierker vun deene véier Kënschtler ze besichen.

Um Enn vum Symposium goufen déi véier Musen dem Publikum presentéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. JaBi, 2017. Spuren die für immer bleiben. Monument in Walfer erinnert an die Opfer der Shoah. Luxemburger Wort vum 28. September 2017, S. 22.