Provënz Gelderland

holännesch Provënz
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Provënz Gelderland ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit an der Mëtt vum Land.

Provënz Gelderland
Basisdaten
Land Holland
Haaptstad Arnhem
Fläch


Total: 5.136 km²
Land: 4.960 km²
Waasser: 176 km²

Awunner 2.134.000 (2023)
Bevëlkerungsdicht 430/km² Land
Reliounen Protestantesch: 29 %
Kathoulesch: 22 %
Islamesch: 4 %
ISO 3166-2 NL - GE
Websäit Provënz Gelderland
Lag

D'Haaptstad ass Arnhem.

D'Provënz Gelderland grenzt am Nordosten un d'Provënz Overijssel, am Osten un Däitschland, am Süden un d'Provënz Limburg an d'Provënz Nordbrabant, am Westen un d'Provënz Utrecht, an am Nordwesten un d'Provënz Flevoland.

Landschaften änneren

Gelderland kann an dräi grouss Landschaften ënnerdeelt ginn

  • Am Norden d'Veluwe mat deem gréissten Bëschgebitt aus Holland.
  • Am Südosten den Achterhoek (Hënneschten Eck) eng landwirtschaftlich an touristesch Géigend.
  • Am Süden d'Betuwe, bekannt duerch Uebst- a Geméisubau.

Gemengen an der Provënz änneren

Zanter 2019 huet d'Provënz Gelderland 51 Gemengen.

(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).

Um Spaweck änneren

Commons: Gelderland – Biller, Videoen oder Audiodateien