Luerenzscheier
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Luerenzscheier ass e Lieu-dit an eng Kadastersektioun a gehéiert zur Gemeng Bartreng. Zu der Kadastersektioun „Luerenzscheier“ gehéieren 665,1936 ha.
Luerenzscheier | |
---|---|
Ale Luerenzscheierhaff | |
An anere Sproochen |
fr: Lorentzscheuer de: Lorentzscheuer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bartreng |
Buergermeeschter | M. Smit-Thijs (DP) |
Fläch | 665,1936 ha |
Koordinaten |
Alen Haff: 49° 35’ 12.8’’ N 06° 01’ 32.3’’ O Neien Haff: 49° 35’ 19.6’’ N 06° 01’ 44.8’’ O |
Luerenzscheier besteet aus zwéin Häff déi am Ofstand vun 100 Joer gebaut goufen. Se leie ronn 700 m. südlech vun der N5, tëscht dem Dippecher Bierg an dem Findelshaff, op enger Héicht vu knapps 300 m.
Luerenzscheierhaff
ännerenDen Ale Luerenzscheierhaff gouf am Joer 1767 gebaut a besteet just nach aus engem Wunnhaus.
Neiluerenzscheierhaff
ännerenDen Neie Luerenzscheierhaff (oder Neiluerenzscheierhaff) deen am Joer 1867 gebaut gouf, läit ca. 320 m. nord-ëstlech vum alen Haff a gëtt nach als Bauerenhaff bewirtschaft. E gehéiert der Famill Muller.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Luerenzscheier – Biller, Videoen oder Audiodateien |