Eng Drockloftlokomotiv oder Pressloftlokomotiv ass eng Kolwelokomotiv déi mat Drockloft ugedriwwe gëtt, déi a speziellen Drockloftbehältere gespäichert ass, déi reegelméisseg mat Hëllef vu Kompresseren opgefëllt ginn.

Drockloftlokomotiv wéi se a Kuelegrouwen agesat gouf. Ausstellungsstéck am Musée vun der Kuelegrouf vu Blegny
Drockloftlokomotiv vum Tram vun Nantes

D'Drockloftlokomotiv gouf vum Louis Mékarski entwéckelt a gouf fir d'éischt 1876 beim Tram vun Nantes benotzt. Duerno gouf de System op verschiddene Paräisser an aneren Tramslinnen agesat. 1901 huet d'Compagnie de l'Ouest Tester mat enger Drockloftlokomotiv gemaach, déi vun den Établissements Saint-Léonard vu Léck gebaut gi war.

Drockloftlokomotive goufe besonnesch a Minièren an a Kuelegrouwen agesat, well do beim Ausstouss propper Loft a keen Damp oder Verbrennungsgase fräigesat ginn. Well keng Feierquell op deene Lokomotive war, goufe se besonnesch am industrielle Beräich wou Feier-oder Explosiounsgefor war agesat.

D'Autonomie vun deenen Zuchmaschinne war allerdéngs relativ limitéiert.