Lisa Kaltenegger

éisträichesch Astronomin an Astrophysikerin

D'Lisa Kaltenegger, gebuer de 4. Mäerz 1977 zu Kuchl bei Salzburg, ass eng éisträichesch Astronomin an Astrophysikerin. Si beschäftegt sech mat der Entdeckung an Erfuerschung vun Exoplanéiten, Exmounden a Superäerden. Zanter dem 1. Juli 2014 ass si Associate Professor op der Cornell University a leet den Institute for Pale Blue Dots.[1],[2] Virdru war si am Max-Planck-Institut fir Astronomie (MPIA) zu Heidelberg (Däitschland) an am Harvard Smithsonian Center for Astrophysics zu Boston (USA) beschäftegt.

Lisa Kaltenegger
Gebuer 4. Mäerz 1977
Kuchl
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Graz,
Technesch Universitéit Graz
Aktivitéit Astronom, Physiker, Universitéitsprofesser

Liewen änneren

No der Matura am Joer 1995 huet d'Lisa Studien a Film- a Mediefuerschung, Technescher Physik, Astronomie, Iwwersetzer a Betribswirtschaft mat Japanesch gemaach. Am Joer 1999 huet si d'Studium an der Astronomie mat der Diplomaarbecht zum Theema Extrasolar planet search: formation of planets and detection methods[3] op der Karl-Franzens-Universitéit vu Graz (M.Sci) an am Joer 2002 d'Studium vun der Technescher Physik mat Spezialisatioun op Biophysik a Biomedizin mat der Diplomaarbecht zum Theema Optical tweezers – application of optical traps in medicine and biology: a survey and feasability study[4] op der Technescher Universitéit Graz (M.Eng.) ofgeschloss.[5]. 2004 huet si op der Karl-Franzens-Universitéit Graz um Gebitt vun der Astronomie mat der Dissertatioun zum Theema Search for extra-terrestrial planets: the darwin mission: target stars and array architectures[6] mat sub auspiciis promovéiert.

Dono huet si fir d'Europäesch Weltraumorganisatioun an Holland op der Sich no extrasolaren äerdänleche Planéite geschafft. Am Alter vu 27 Joer huet d'Lisa op d'Harvard Universitéit gewiesselt, wou si gefuerscht an dozéiert huet, bis si 2010 d'Leedung vun enger siwekäppeger internationaler Emmy Noether-Grupp um Max-Planck-Institut fir Astronomie zu Heidelberg iwwerholl huet. Weiderhin ass si Research Associate vum Harvard Smithsonian Center for Astrophysics souwéi Lecturer am Harvard Astrophysics Department. Zanter 2009 ass si och fir d'NASA Astrobiology Institute a fir d'Extrasolar Planet Analysis Group vun der NASA beschäftegt.

D'Lisa Kaltenegger hantéiert speziell mat der Modelléierung a Charakteriséierung vun Atmosphären ëm äerdänlech Planéiten an hir Wiesselwierkunge mat der Planéitenuewerfläch. Mat Analyse vun atmosphäresche spektrale Fangerofdréck, d. h. deem vun Exoplanéit reflektéierte Liicht, gëtt no Indikatoren, déi op méiglecht Liewe hiweisen (wéi z. B. Waasserstoff a Sauerstoff), gesicht. Hir Fuerschergrupp am MPIA war bei der Entdeckung vum Kepler-62e a Kepler-62f bedeelegt, zwéi Planéiten aus der habitabler Zon.[7],[8],[9],[10]

Am Joer 2014 gouf d'Physikerin, déi mam portugisesche Weltraumtechniker Felipe Pereira bestuet ass, Mamm vun enger Duechter.[11] Zanter dem 1. Juli 2014 ass si Associate Professor op der Cornell University.[12] an zanter 2015 Direktesch vum Carl Sagan Institute.[13]

Auszeechnungen änneren

Den Asteroid (7734) Kaltenegger gouf no der Lisa Kaltenegger genannt.[14] 2007 gouf si vum Smithsonian Magazine als eng vun de 37 America's Young Innovators in the Arts and Sciences genannt.[15] 2012 krut si dee mat 16.000 EUR dotéierten Heinz Maier-Leibnitz-Präis vun der däitscher Fuerschungsgesellschaft.[16],[17] Am Juni 2014 gouf si vum Land Salzburg mam Christian-Doppler-Preis 2013 ausgezeechent.[18]

Publikatioun änneren

  • 2015: Sind wir allein im Universum? Meine Spurensuche im All (mat Illustratioune vun der Mandy Fischer). Ecowin, Salzburg 2015, ISBN 978-3-7110-0080-4

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. dieStandard.at - Astrophysikerin Lisa Kaltenegger: Spitzenforschung nicht nur Männersache. Artikel vum 17. Dezember 2014, gekuckt den 21. Dezember 2014.
  2. About - The Institute for Pale Blue Dots. instituteforpalebluedots.com, gekuckt den 18. Mäerz 2015
  3. Verbundkatalog - Diplomarbeit: Extrasolar planet search: formation of planets and detection methods, Graz 1999. Gekuckt den 21. Dezember 2014.
  4. Verbundkatalog – Diplomarbeit: Optical tweezers - application of optical traps in medicine and biology: a survey and feasability study, Graz 2002. Gekuckt den 21. Dezember 2014.
  5. Turning point: Lisa Kaltenegger nature.com, gekuckt de 6. Juni 2014
  6. Verbundkatalog – Dissertation: Search for extra-terrestrial planets: the darwin mission: target stars and array architectures, Graz 2004. Gekuckt den 21. Dezember 2014.
  7. Kurier – Österreicherin sucht Leben im All. Artikel vum 17. Mee 2012, gekuckt den 13. Juli 2013
  8. Kurier - Flüssiges Wasser? Vielleicht. Forscher finden Erde-II-Kandidaten. Artikel vum 19. Abrëll 2013, gekuckt den 13. Juli 2013
  9. Zeit Online – Astrophysikerin Kaltenegger - Detektivin im Weltall. Artikel vum 15. Juni 2012, gekuckt den 13. Juli 2013
  10. MPIA Publikatioun an der Press – Bis elo aussiichtsräichst Kandidate fir liewensfrëndlech Exoplanéite fonnt. Artikel vum 18. Abrëll 2013, gekuckt de 14. Juli 2013.
  11. Kuchler Astrophysikerin in der Weltspitze Artikel op ORF vum 6. Juli 2014, gekuckt de 6. Juli 2014.
  12. Cornell Chronicle - Lisa Kaltenegger searches for another pale blue dot. Artikel vum 25. Juni 2014, gekuckt de 6. Juli 2014
  13. futurezone.at: Lisa Kaltenegger leitet jetzt Carl-Sagan-Institute. Artikel vum 12. Mee 2015, gekuckt den 12. August 2015.
  14. taz.de - Der Mars wäre eine Option. Artikel vum 27. Abrëll 2013, gekuckt de 17. Mäerz 2014.
  15. Smithsonian Magazine: 37 under 36 - America's Young Innovators in the Arts and Sciences. Artikel vom 30. September 2007, gekuckt de 15. Februar 2014.
  16. Deutsche Forschungsgemeinschaft – Dr. Lisa Kaltenegger – Heinz Maier-Leibnitz-Preisträgerin 2012. Gekuckt den 13. Juli 2013
  17. Heinz Maier-Leibnitz-Preis für Lisa Kaltenegger – Fuerscherin am Max-Planck-Institut fir Astronomie fir hir Arbecht iwwer Exoplanéiten ausgezeechent. Artikel vum 23. Mee 2012, gekuckt den 13. Juli 2013.
  18. Drei Frauen und ein Mann mit Christian-Doppler-Preis 2013 ausgezeichnet vum 13. Juni 2013 gekuckt de 6. Juli 2014

>