Kepler-62e
De Kepler-62e ass en Exoplanéit, deen ëm de Stär Kepler-62 kreest. Hie gouf mat Hëllef vun der Transitmethod duerch de Kepler-Weltraumteleskop entdeckt. De Kepler-62e ass warscheinlech en äerdänleche Planéit. Hie kreest op enger habitablen Zon vu sengem Stär. Et wier also méiglech, datt um Planéit Liewen existéiert.[2],[3][4][5]
Exoplanéit Kepler-62e | |
---|---|
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0) | |
Stärebild | Lyra (Lyr) |
Rektaszensioun | 18h 52m 51.06s |
Deklinatioun | + 45° 20’ 59.9”[1] |
Distanz | zirka 370 Lj. |
Stär | Kepler-62 |
Entdecker | Kepler-Weltraumteleskop an d'Mataarbechter |
Datum vun der Entdeckung | 2013 |
Opbau
ännerenDuerch den Alter vum Planéit (7±4 Milliarde Joer), sengem stellare Floss (1,2±0,2-facht vun der Äerd) a sengem Radius (1,61±0,05-facht vun der Äerd) ass et méiglech, datt de Planéit e Kär aus Silikat an Eisen huet a vun enger grousser Mass vu Waasser bedeckt ass. No enger Modellstudie, déi vun der Zäitschrëft The Astrophysical Journal akzeptéiert gouf, ass de ganze Planéit vun engem groussen Ozean bedeckt.[6] E wier deemno e sougenannten Ozeanplanet.[7]
Ëmlafbunn
ännerenDe Planéit kreest an 122 Deeg ëm säin Zentralstär Kepler-62. Hien ass ongeféier 60 Prozent méi grouss wéi eis Äerd.[8]
Am Ganze goufe fënnef Planéiten entdeckt, déi ëm de Stär Kepler-62 kreesen. Ënner hinnen ass och de Kepler-62f, deen och an der habitabler Zon vum Stär ass.
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Simbad
- ↑ Kepler-62e, http://www.sciencemag.org.
- ↑ MPIA Pressemitteilung - Bislang aussichtsreichste Kandidaten für lebensfreundliche Exoplaneten gefunden. Artikel vom 18. April 2013, ofgeruff de 14. Juli 2013.
- ↑ Kepler-62e: Super-Earth and Possible Water World
- ↑ 3 Potentially Habitable 'Super-Earths' Explained (Infographic)
- ↑ Water Worlds Surface, The Astrophysical Journal.
- ↑ Welt ohne Land aus Der Spiegel, ofgeruff de 6. Abrëll 2014
- ↑ Two earthlike planets that could host life discovered, The Indian Express.