NASA Astrobiology Institute

Den NASA Astrobiology Institute (NAI) ass eng Fuerschungsariichtung déi 1998 vun der National Aeronautics and Space Administration gegrënnt gouf, mam Zil, d'Astrobiologie virunzedreiwen an de Raumfluchmissiounen e wëssenschaftleche Kader ze ginn.

Den éischten Direkter vum NAI, de Baruch Samuel Blumberg.

Den NAI ass eng virtuell Organisatioun. Seng 700 Membere si Mataarbechter vun ongeféier 150 verschiddenen Ariichtungen (Stand: Januar 2009) a se sinn a 14 Fuerschungsgruppen organiséiert. Den Direkter an eng kleng Kär vun de Ekipp hunn hir Aarbechtsplaz am Ames Research Center zu Mountain View a Kalifornien. Den Institut hat 2008 e Budget vu 16 Milliounen US-Dollar.

Den 2. Dezember 2010 huet den Institut bekannt ginn, datt et déi éischt Organismen entdeckt huet, déi e Stoffwiessel mat Arsen kënnen hunn. D'Mikroorganisme GFAJ-1 goufe vu Fuerscher um Mono Lake am US-Bundesstaat Kalifornien fonnt.

Vun 2015 un huet den NAI 12 Teamer a 600 Fuerscher a ronn 100 Institutioune verdeelt. Et bestinn dernieft 13 international Partnerorganisatiounen. Verschidden Teamer sinn oder waren:

International Partner änneren

Den NAI huet e Partnerschaftsprogramm fir kollaborativ a global Zesummenaarbecht mat aner internationalen Organisatioune fir Astrobiologie.[1]

  • Astrobiology Society of Britain (ASB)
  • Australian Centre for Astrobiology (ACA)
  • Canadian Astrobiology Network (CAN)
  • Centro de Astrobiología (CAB)
  • European Exo/Astrobiology Network Association (EANA)
  • Helmholtz Alliance: Planetary Evolution and Life
  • Instituto de Astrobiología Colombia (IAC)
  • Nordic Network of Astrobiology
  • Russian Astrobiology Center (RAC)
  • Sociedad Mexicana de Astrobiología (SOMA)
  • Société Française d'Exobiologie (SFE)
  • UK Centre for Astrobiology
  • University of São Paulo (USP)

Fuerschung änneren

Wiesentlech Theemen vun der interdisziplinärer Fuerschung vun der NAI zanter 2008:

  • Koméiten am Raum an am Laboratoire
  • Entdeckung vun der "rarer Biosphär"
  • Fréi Bewunnbarkeet vun der Äerd Habitabel Zon
  • Exoplanéit Entdeckung an Analys
  • Liewen ouni Sonn
  • Metallisotopenzeechner vun Ëmwelt a Biologie
  • Methan um Mars
  • Mikrobiell Mattenekologie
  • Biosphäremodelléierung vun Exoplanéiten
  • Urspronk vum Liewen
  • Schnéiball Äerd
  • Liewen am Mier
  • Sauerstoffustig

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  1. NAI, International Partners. 13. Abrëll 2015.