D'Leo-I-Grupp, och M66/M96-Grupp genannt, ass eng Galaxiëgrupp op enger Distanz vu ronn 35 Mio. Liichtjoer. Wéi d'Lokal Grupp an aner Nopeschgalxiëgruppen zielt si zum Virgo-Superkoup

Déi béid Spiralgalaxië M 95 an M96 formen de Kär vun der M96-Ënnergrupp

D'Grupp läit am Stärebild Leo, vum lat. Leo (Léiw). D'Grupp zerfällt an zwou Ënnergruppen, d'M96-Ënnergrupp ëm déi hell Galaxië M 95, M96 an M105, an d'M66-Ënnergrupp, déi am wiesentlechen aus dem sougenannten Leo-Triplet M65, M66 an NGC 3628 besteet. Béid Ënnergruppe ginn an der Literatur heefeg als eenzel Gruppe gefouert.

Déi hellste Membere vun der Grupp sinn déi visuell 8,9mag hell Spiralgalaxië M66 an déi 9,3mag hell Spiralgalaxie M96. Nei Distanzmiessunge ginn e mëttlere Gruppenofstand vun 10,4 MPc un, wärend aner Miessungen op eng éischter méi grouss Distanz deiten. D'Radialvitess vun der Grupp a Bezuch op d'kosmesch Hannergrondstralung läit bei 1316 km/s. Ënnersich ënner Beuechtung vun nei entdeckten Zwerggalaxien, déi sech an der M96-Ënnergrupp iwwer e Radius vu ronn 1,1 Mio. Liichtjoer verdeelen, ergëtt eng Dispersioun vun der Radialvitess vun 130 km/s. Dës Daten erginn eng Virial-Mass vu bal 7×1012 M, ongeféier dat Dräifacht vun der Mass vun der Lokaler Grupp. De banneschte Beräich ëm déi hell Haaptgalaxië weist dogéint ongeféier d'Mass an d'Mass-Liichtkraaft-Relatioun vun der Lokaler Grupp op.

Memberen änneren

Dës Tabell weist déi identifizéiert Membere vun der Grupp nom Nearby Galaxies Catalog, D'Radialvitesse sinn heliozentresch, déi visuell Hellegkeeten am B-Band (blo) ugewisen.

Membere vun der M96-Ënnergrupp
Numm Typ α δ vr (km/s) mB
M95 SB(r)b 10|43|57,7 +11|42|14 778 ± 4 11,4
M96 SAB(rs)ab 10|46|45,7 +11|49|12 897 ± 4 10,1
M105 E1 10|47|49,6 +12|34|54 911 ± 2 10,2
NGC 3299 SAB(s)dm 10|36|23,8 +12|42|27 641 ± 6 13,3
NGC 3377 E5.5 10|47|42,4| +13|59|08 665 ± 2 11.2
NGC 3384 SB(s)0 10|48|16,9 +12|37|46 704 ± 2 10,9
NGC 3412 SB(s)0 10|50|53,3 +13|24|44 841 ± 2 11,5
NGC 3489 SAB(rs)0 11|00|18,6 +13|54|04 677 ± 2 11,1
Membere vun der M66-Ënnergrupp
Numm Typ α δ vr (km/s) mB
M65 SAB(rs)a 11|18|56,0 +13|05|32 807 ± 3 10,3
M66 SAB(s)b 11|20|15,0 +12|59|30 727 ± 3 9,7
NGC 3628 SAb pec 11|20|17,0 +13|35|23 843 ± 1 10,2

Zousätzlech ginn deels nach NGC 3593, NGC 3628 an IC 2768 als Gruppemembere gezielt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie