Liewel
Uertschaft an der Gemeng Biekerech
(Virugeleet vu(n) Leewel)
Liewel (lokal: Leewel[1]) ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech. Zu Liewel gëtt et eng Kapell an 20 Haiser dovu si 5 grouss al Bauerenhäff an eng al Millen.
Liewel Leewel | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Levelange de: Levelingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réiden |
Gemeng | Biekerech |
Buergermeeschter | Thierry Lagoda |
Awunner | 55 |
12.07.2006 | |
Fläch | 222,3486 ha |
Koordinaten |
49° 44’ 21’’ N 05° 51’ 18’’ O |
Geographie
ännerenLiewel läit am Dall vun der Pall an engem Dräieck dee vun den Nationalstroossen N 24 an N 22, an dem CR301 gemaach gëtt, an tëscht Uewerpallen a Biekerech. Zu Lëtzebuerg stéisst et nach un d'Gewan vun Ell a vu Kolpech an op der Belscher Säit am Süde läit op der Kopp Giisch.
Liewel läit zum gréissten Deel um Lëtzebuerger Sandsteen a just den Deel op Ell zou mam Stiefeschbësch huet méi schwéier Biedem.
Den héchste Punkt vu Liewel läit beim Geessebierg no bei der Quell vun der Merelbaach op enger Héicht vun 300 m, a seng déifst Plaz ass op 276 m an der Grousswiss.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 11.08.2020. Gekuckt de(n) 14.06.2020.