Kapell Liewel
D'Kapell zu Liewel ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Liewel (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Liewel | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Walburga | |||
Baujoer | 1761 | |||
Koordinaten | 49° 44’ 21.2’’ N 05° 51’ 20.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Walburga, där hiert Fest de 25. Februar gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Maternus.
D'Kapell steet op der Kräizung vum Biekerecherwee an dem Pallenerwee.
Zur fréierer Par Biekerech hunn ausser der Kapell vu Liewel och nach d'Kierch vu Biekerech, d'Kapell vun Hitten an d'Jobskapell um Kuelebierg zu Biekerech gehéiert.
Geschicht
ännerenDéi ursprénglech Kapell gouf 1630 gebaut an huet aus dem Chouer an der Hallschent vum haitege Schëff bestan. 1761 gouf d'Schëff op seng haiteg Gréisst ëmgebaut. Dat Joer steet och um Schlosssteen iwwer der Aganksdier.
D'Kapell huet eng Klack vu 44 cm Duerchmiesser, 1819 vum Englebert Drouat gegoss an de 24. Oktober 1824 geweit. 1819 krut d'Kapell och e Kräizwee.
De 17. Oktober 2018 gouf s'op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1]
Kapléin vu Liewel
ännerenVu 1752 bis 1841 hat Liewel en eegene Kaploun:
- 1752 - 1767: Peter Schiltz
- 1768 - 1784: Joh. Nik. Schroeder
- 1784 - 1791: Karl Majeris
- 1794 - 1821: Christoph Reding
- 1821 - 1841: Franz Nicolas Benz (genannt Pater Fränzchen)
Literatur
änneren- Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S., S. 268-272
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kapell Liewel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Biekerech-Useldeng (fr)
- D'Fënstere vun der Kapell vu Liewel op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kapell vu Liewel aus nërdlecher Richtung gesinn
-
D'Kapell vu Liewel aus südëstlecher Richtung gesinn
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).