Kierch Leetem
D'Kierch zu Leetem ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Leetem (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Leetem | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Onbefleckt Empfängnis | |||
Baujoer | 1877 | |||
Koordinaten | 50° 09’ 38.4’’ N 06° 06’ 30.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch ass der Onbefleckter Empfängnis geweit. D'Fest gëtt den 8. Dezember gefeiert.
Se steet am Zentrum vum Duerf an engem Säitewee vun der Duarrefstrooss, dem CR335.
Geschicht
ännerenD'Kierch staamt aus dem Joer 1877 an ass an engem Stil gebaut, deen deem vun der Kierch vu Beeler gläicht.
An der Kierch dominéiert e restauréierte Barockaltor. Iwwer dem Tabernakel an der Mëtt vum Altor steet d'Haaptpatréinerin, d'Immaculata. Z'ernimmen ass nach dat gemoolt Bild vun de 14 Nouthëllefer.
Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Beeler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Beeler huet ausser der Filialkierch vu Leetem och nach d'Parkierch vu Beeler gehéiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Leetem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François
- D'Fënstere vun der Kierch vu Leetem op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
-
D'Kierch vu Südweste gesinn
-
D'Kierch vu Leetem an engem Säitewee vum CR335