La chanson de l'eau oder Au fil de l'eau ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum René Leclère aus dem Joer 1940. De Film ass a Schwaarz-Wäiss gedréint.

La chanson de l'eau
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 1938[1]-1939
Première November 1939 (Weltpremière)
8. Mäerz 1940 (Lëtzebuerger Première)
Dauer 20 min[2]
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1:1,37
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie René Leclère
Dréibuch René Leclère
Fotografie Marcel Grignon
Jean Leherissey
Emile Pierre
Musek Rudy Revil
Produktiouns-
gesellschaft
Filmalux
Schauspiller
Renée Sanga[3]
Andrée Debar
Micky Damrémont
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film weist d'Lëtzebuerger Landschafte beim Waasser: d'Sauer, d'Klierf, d'Wolz an d'Musel. E weist och Zeene vun de Wäilies an der Ëmgéigend vu Gréiwemaacher a Fräizäit- a Sportaktivitéiten am oder laanscht d'Waasser.[3]

Produktioun änneren

De Film gouf fir d'Exposition internationale de l'eau am September 1939 zu Léck a fir d'Weltausstellung 1939 zu New York gedréint.[3] E gouf awer net rechtzäiteg fäerdeg.[4]

Mat de Produktioun gouf schonn am Oktober 1938 ugefaangen.[1] En Deel vum Film gouf wärend der Ouschter-Paddelfahrt vum Kayak Club Lëtzebuerg op der Uewersauer gedréint.[5][6] Den Evy Friedrich war och un der Produktioun bedeelegt an huet d'Filmplazen erausgesicht.[3] Gefilmt huet de Marcel Grignon.[3]

Ufanks huet de Film Au fil de l'eau geheescht, mee well et schonn e franséische Film mat deem Titel gouf gouf e spéider a La chanson de l'eau ëmbenannt.[7]

De Film war fir déi éischt Editioun vum Filmfestival vu Cannes 1939 ugemellt.[8][9] De Festival gouf awer schlussendlech ofgesot, well Groussbritannien a Frankräich den 3. September 1939 Nazidäitschland de Krich erkläert hunn. 2019 gouf zu Orléans e "Remake" vun der ofgesoter éischter Editioun vun de Filmfestspiller vu Cannes vun 1939 organiséiert. Och dem René Leclère seng zwee Filmer La chanson de l'eau a Circulez goufen do gewisen a vum Paul Lesch, dem Direkter vum CNA presentéiert.[10]

D'Première vum Film war am November 1939 zu Paräis.[4] Wéinst dem Krich konnt de Film net éischter op Lëtzebuerg transportéiert ginn,[11] an dowéinst war d'Lëtzebuerger Première eréischt den 8. Mäerz 1940 am Ciné Marivaux an der Stad Lëtzebuerg. Wärend der éischter Woch ass La chanson de l'eau zesumme mam Hollywood-Film Stanley and Livingstone gelaf.[5]

De Film gouf 1947 wärend enger Pressekonferenz vun der Lëtzebuerger Regierung an der Schwäiz gewisen.[2][12]

Wat sot d'Press? änneren

Obermosel-Zeitung:[5]

Sagen wir es vorweg, unser Landsmann René Leclerc hat mit diesem Filmstreifen unstreitbar sein bestes Luxemburger Werk geschaffen. [...] Technnisch wurde der Film äußerst sauber gestaltet, die begleitenden Erläuterungen lassen keinen Wunsch offen, die Musik ist dem Ganzen glänzend angepaßt und geschmackvoll, das Bild ist sauber und die ganze Montage ist ausgezeichnet. [...] Es mögen Herrn Leclere verschiedene kleine unausbleibliche Fehler unterlaufen sein, so z. B. verschiedene Aufnahmen von der Alzette mit der romantischen Umgebung des Petrusstales in seinem Film wegzulassen. [...] Hauptsache ist und bleibt doch, daß der Film als vollkommen gelungen angesehen werden darf und den Zweck, für den er geschaffen wurde, bestimmt in jeder Hinsicht erfüllen wird.

Luxembourg: journal du matin:[13]

Il s'agit de la meilleure bande réalisée jusqu'ici sur le Grand-Duché et sa valeur au point de vue de la propagande tant chez nous qu'à l'étranger est indéniable. Le film contient de belles vues, pour la plupart inédites, et traite dans un raccourci magistral des multiples aspects de l'eau dans le paysage luxembourgeois. Remarquons qu'il a été tourné avec le concours bénévole du Kayak-Club et qu'il est pourvu d'un fond sonore et musical plus qu'intéressant.

Escher Tageblatt:[4]

Leclère's filmisches Arbeiten ist [...] gelöster und lockerer, freier geworden; auch ist sein Tempo gestiegen. Der Lyrismus seiner künstlerischen Auffassung von Landschaft, Monument, Lebewesen, Himmel, Wolke und Blüte, [...], diese bild-lyrische Schönheit vermittelt sich nunmehr ohne die geringste Hemmung dem Zuschauer, und sie wird gefördert durch eine musikalische Untermalung, die wir als sehr glücklich bezeichnen: nicht nur an sich künstlerisch wertvoll, sondern auch durchaus einheitlich mit dem Leben der Bilder zusammenklingend. [...] [D]ies neue wohlgelungene Filmwerk von René Leclère wird den ungeteilten Beifall des verwöhntesten Großstadtpublikums finden.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Chronique locale, Luxembourg: journal du matin, 8. Oktober 1938, Säit 3
  2. 2,0 2,1 Kaleidoskop - Les danseurs d'Echternach , Obermosel-Zeitung, 24. Juni 1947, Säit 4
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 Eine Düdelinger Schauspielerin. „Au fil de l'eau“., Obermosel-Zeitung, 22. Oktober 1938, Säit 2
  4. 4,0 4,1 4,2 "La Chanson de l'Eau - Pariser Première des neuen Films von René Leclère, Escher Tageblatt, 6. November 1939, Säit 6
  5. 5,0 5,1 5,2 La chanson de l'eau, Obermosel-Zeitung, 9. Mäerz 1940, Säit 4
  6. Annonce vum Métropole-Palace am Escher Tageblatt, 22. Mäerz 1940, Säit 10
  7. Notizen zur Woche, Escher Tageblatt, 7. Juli 1939, Säit 8
  8. Cannes - ein Begriff, Escher Tageblatt, 18. August 1939, Säit 8
  9. Das Programm von Cannes, Escher Tageblatt, 25. August 1939, Säit 8
  10. festivalfilm1939.com: Säit iwwer La Chanson de l'eau + Circulez (gekuckt den 23. Dezember 2021)
  11. "La chanson de l'eau" Notizen - La Chanson de l'Eau, Escher Tageblatt, 9. Februar 1940, Säit 6
  12. Zum offiziellen Besuch I.K.H. der Großherzogin Charlotte in der Schweiz, Luxemburger Wort, 17. Juni 1947, Säit 3
  13. La Chanson de l'Eau, Luxembourg: journal du matin, 11. Mäerz 1940, Säit 4