Lycée privé Émile-Metz

(Virugeleet vu(n) LTPEM)

De Lycée privé Émile-Metz, a Kuerzform LPEM, huet de 4. November 1914 fir d'éischt seng Dieren opgemaach. Dëst war méiglech nodeem d'Edmée Metz-Tesch der ARBED eng bedeitend Geldstëftung vermaach huet, fir zu Éiere vun hirem verstuerwene Mann Émile Metz zu Dummeldeng eng Wierksschoul ze grënnen, déi als Institut Émile-Metz säin Numm sollt droen. Zil war et, d'Situatioun vun der Aarbechterklass duerch eng besser Ausbildung ze verbesseren.[1]

Lycée privé Émile-Metz
(LTPEM)
Typ Privatschoul
Land Lëtzebuerg
Gegrënnt 4. November 1914
Genannt no Émile Metz
Um Spaweck http://www.ltpem.lu/


D'Erënnerungsplack

Am Haff vum Institut steet e Monument mat enger Dankbarkeetserklärung un d'Madamm Edmée Metz-Tesch.

Den LPEM ass mëttlerweil e modernen technesche Lycée mat méi wéi 500 Schüler. Et ass déi eenzeg Schoul zu Lëtzebuerg an där een eng Ausbildung als Fligermecanicien (Aircraft Maintenance Licence, AML) an als Techniker an de Smart Materials maache kann.

Am Hierscht 2023 gouf zu Déifferdeng en zweete Site opgemaach.[2]

Gestioun

änneren

De Lycée gëtt zanter 1995 vun der Asbl Fondation Lycée Technique Privé Emile Metz[3] verwalt, déi am Juli 1995 vun der Fondation Veuve Emile Metz-Tesch[4] a vun der Chambre de commerce gegrënnt gouf.[5] De Verwaltungsrot besteet aus siwe Memberen:

  • dräi Administrateuren, déi vum Lëtzebuerger Staat genannt ginn;
  • een Administrateur, dee vun der Fondation Veuve Emile Metz-Tesch genannt gëtt;
  • een Administrateur, dee vun der Chambre de commerce genannt gëtt;
  • zwéin Administrateuren, déi vun ArcelorMittal genannt ginn;

Direkteren

änneren
  • ? - 1966: Alphonse Pierre Hoffmann
  • 1966 - 1988: Pierre Thill
  • 1988 - 2001: Albert Bonifas
  • 2001 - 2003: Léon Mathieu
  • 2003 - 2009: René Tissier
  • 2009 - 2010: Armand Lengler
  • 2010 - 2020: Théo Thill
  • 2020 - 2022: Martine Berchem
  • 2022 - haut: Pascal Thill

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Lycée privé Émile-Metz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Op der Internetsäit iwwer d'Geschicht vun der Schoul steet: « Madame Veuve Emile Metz-Tesch décide en 1913 de créer l'Institut Emile Metz dont le but est le développement physique et moral de la classe ouvrière et l'amélioration de sa situation matérielle. »
  2. "Am Hierscht: Lycée privé Emile Metz och zu Déifferdeng." 100komma7.lu, 23. Abr 2023.
  3. ënner G67 am Handelsregëster agedroen
  4. ënner G169 am Handelsregëster agedroen
  5. De Veräi gouf den 19. Juli 1995 gegrënnt. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial Nr. 542, Säit 26009.