D'Ligne à Grande Vitesse Est européenne (kuerz LGV Est européenne) ass eng Héichvitessstreck a Frankräich. Si verbënnt Vaires an der Seine-et-Marne mat Vendenheim am Bas-Rhin.

D'LGV Est européenne um PK 217

Garen änneren

Sécherheet änneren

Zuchsécherungssystemer an Zuchfunk änneren

Op der LGV Est européenne ginn als Zuchsécherungssystemer TVM 430 an ETCS Niveau 2 agesat. Fir de Funkverkéier an d'Dateniwwerdroung gëtt GSM-R benotzt, deen och fir den ETCS benotzt gëtt.

Stellwierkstechnik änneren

D'LGV Est ass mat Stellwierker vum Typ SEI vun Ansaldo ekipéiert, déi iwwer eng Schnëttstell vum PCD (poste de commande à distance) vu Pagny-sur-Moselle aus gesteiert ginn.

Rullmaterial änneren

Follgend Héichvitesszich fueren op der Streck:

Benotzung änneren

Zich vu Lëtzebuerg, Däitschland an aus der Schwäiz fueren op där Streck. Si kommen ë. a. aus der Stad Lëtzebuerg, Frankfurt am Main Hbf, München Hbf, Zürich Hbf, Basel SBB, Stuttgart Hbf, Metz Ville, Strasbourg Ville. Vu Lëtzebuerg aus fueren d'TGV Réseauen.

Ëm den Héichvitessverkéier tëscht Frankräich, Lëtzebuerg, Däitschland an der Schwäiz bekëmmere sech d'Gesellschaften Alleo a Lyria.