D'Gare Meuse TGV ass eng TGV's Gare vun der LGV Est européenne an der Gemeng Les Trois-Domaines am Departement Meuse um Streckekilometer 213.

Gleiser änneren

Duerch d'Gare féieren déi zwee Héichvitessgleiser. Vu jiddwerengem vun de Gleiser spléckt virun der Gare e Gleis of, dat op e Quai féiert, fir dann nees baussent der Gare op den Haaptstrang zeréckzekommen.