Den Daidalos (gr. = dee Konschtfäerdegen / och: Dädalus) war an der So, en Athener, deen eelste vun de bildende Kënschtler vun den Hellenen, deem vill Erfindungen zougesprach gi sinn.

Mythos änneren

Den Daidalos war de Jong vum Metion, Urenkel vum Erechtheus, dee konschfäerdechste Mann vu senger Zäit, Baumeeschter a Sculpteur. An deene verschiddenste Géigende vun der Welt si seng Wierker bewonnert ginn. Wärend bei deene fréiere Meeschteren d'Skulpturen d'Aen zou haten an d'Äerm net vum Kierper getrennt waren, hu seng Skulpturen d'Aen op gehat, d'Äerm ausgestreckt an d'Been zum Schrëtt ausernee gehat.

Awer sou grouss wéi den Daidalos och als Kënschtler war, so agebilt an houfreg war en och. En huet säin Neveu (senger Schwëster hire Jong) a Schüler den Talos (anere Quelle no de Perdix) aus Näid ëmbruecht, andeems en e vum Athena senger Buerg erofgestierzt huet, well deen d'See (an och nach aner Saachen) erfonnt huet. Wärend den Daidalos mam Begriefnes s beschäftegt war ass en iwwerrascht ginn an huet virginn eng Schlaang ze begruewen. Trotzdeem ass e virum Geriicht vum Aeropag wéinst Mord ugeklot a fir schëlleg befonnt ginn. Doropshin ass e vun Athen op Kreta bei de Kinnek Minos geflücht.

Duerch seng Kënschte war en do héich ugesinn an ass och zum Frënd vum Minos ginn. Fir de Minos huet hien och d'Labyrinth ënner dem Palais vu Knossos gebaut fir de Minotauros, de Jong vum Minos senger Fra Pasiphaë an dem Stéier vum Poseidon anzespären. Nodeem de Bau fäerdeg war hat souguer den Daidalos selwer Schwieregkeeten selwer erëm erauszefannen.

Mä den Daidalos huet och dem Minos senger Duechter, dem Ariadne bäigestan an him de Rot ginn wéi et dem Theseus kéint hëllefe fir datt deen de Minotauros kéint ëmbréngen an erëm aus dem Labyrinth kéint erausfannen.

Dofir ass hie vum Minos selwer (nom Doud vum Minotauros) zesumme mat sengem Jong Ikaros am Labyrinth agespaart ginn. Nodeem e sech a säi Jong doraus befräit hat, huet e sech eppes ausgeduecht fir vun der Insel Kreta ze flüchten: en huet ugefaange Fiedere vu verschidde Gréisste mat Wues zesummenzepechen. Den Daidalos huet no engem kuerzen Test den Ikaros gewarnt mat de Filleken entweeder ze no un d'Mier ze kommen (well se dann duerch de Gësch ze schwéier ginn) oder ze no un d'Sonn (well dann de Wues deen d'Flilleken zesummenhält schmëlzt). Dunn hunn hien a säi Jong sech déi kënschtlech Flilleken ugedoen a sinn domat an d'Luucht geflunn.

De Papp ass virgeflunn an huet vun Zäit zu Zäit no sengem Jong gekuckt, mä op eemol no laanger Rees ass den Ikaros iwwermiddeg ginn an ass ëmmer méi héich geflunn. Lues a lues ass de Wues deen d'Fiederen zesummegehalen huet geschmolt an hien ass ofgestierzt.

Den Daidalos huet no sengem Jong gesicht deen net méi hanner him war an huet e schliisslech opgrond vun de Fiedere fonnt, säi Kierper louch op enger Insel, déi haut Ikaria genannt gëtt.

Nodeem den Daidalos säi Jong Ikaros erëmfonnt hat ass hie virun op Sizilien bei de Kinnek Kakolos gaangen. Seng Konscht huet wéi ëmmer all d'Awunner an Erstaune gesat.

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Daidalos – Biller, Videoen oder Audiodateien