Krautwësch

Bëndel vu Planzen, deen op Mariä Himmelfaart an d'Kierch bruecht gëtt fir e seenen ze loossen

De Krautwësch ass e Bëndel vu Planzen, deen um Land op Krautwëschdag (Mariä Himmelfaart, de 15. August) vu Familljen an d'Kierch bruecht gëtt fir e seenen ze loossen.

E Kuerf mat Krautwëscher

Ursprong änneren

De Brauch vun der Kraiderseenung staamt aus der Zäit virum Chrëschtentum an ass op heednesch Bräich zeréckzeféieren. Ëm 745 no Christus ass dëse Brauch verbuede ginn a méi spéit ass en dunn an d'Chrëschtentum opgeholl ginn.

E geet op eng al Legend zeréck, wou d'Jünger d'Graf vun der Jongfra Maria opgemaach hunn, an do amplaz vun hirem Kierper, Bléien a Kraider fonnt hunn. Déi Traditioun fënnt ee fir d'éischte Kéier an der kathoulescher Kierch am 9. Joerhonnert. Dee Ritual war besonnesch bei de Leit beléift, déi um Land gewunnt hunn. Maria ass hei souzesoen d'Symbol fir déi heelwirkend Kraaft vu Gott um Mënsch.

Ritual änneren

D'Seene vum Krautwësch gesäit vir, datt um Dag vu Mariä Himmelfaart Kraider zu engem Bëndel zesummegebonnen a mat an d'Kierch bruecht ginn. Do gi si wärend der Mass, respektiv no der Mass vum Priister mat dëse Wierder geseent:

"Här, eise Gott, du hues Maria iwwer all Geschëpf erhuewen a si an den Himmel opgeholl. Op hirem Fest soe mir dir Merci fir all Wonner vun denger Schëpfung. Duerch d'Heelkraider an d'Blumme schenks du eis Gesondheet a Freed. Seen dës Kraider a Blummen. Si erënneren eis un d'Herrlechkeet an de Räichtum vun dengem Liewen. Schenk eis op d'Virsprooch vu Maria däin Heel. Looss eis zur éiweger Gemeinschaft mat dir kommen an dann astëmmen an de Luef vun der ganzen Schëpfung, déi dech lueft duerch däi Sonn Jesus Christus an all Éiwegkeet."

Duerno ginn d'Kraider mat Wäiwaasser geseent.

Bedeitung an Notzen änneren

Fréier, wann d'Leit mam Wësch heem koumen, gouf d'Muert eraus geholl an d'Kanner krute se z'iessen. All Kraider haten eng Bedeitung z. B.: Op d'Ënn gouf e Kräiz geritzt, da gouf s'am Stall opgehaangen a sollt esou Krankheeten a an d'Pescht vum Véi ewechhalen. Et huet en och dru gegleeft, datt Gléck an d'Haus géif kommen, wann d'Ënn géif ufänken ze kéngen. D'Käre si vun den Éien erofgeholl ginn a goufen ënner déi reschtlech Karreserve gemëscht. Heimat sollt dat deeglecht Brout geseent ginn.

Dat wat nach vum Wësch iwwereg war, gouf gewéinlech um Späicher opgehaangen an de Wësch vum Joer virdru gouf verbrannt.

Bei engem Donnerwieder huet d'Hausfra d'geseent Kraider, am léifste Léiffrawësch, an d'Feier gehäit fir datt de Blëtz net sollt aschloen. Wann ee gestuerwe war, krut hien de geseente Wësch ënnert de Kapp geluecht. Och bei anere Krankheeten, wei Zännwéi, Giicht a Rheuma, sollten d'Planzen de Mënsch erëm gesond maachen.

Zesummesetzung änneren

De Krautwësch setzt sech säit iwwer dausend Joer aus ville verschiddene Fruuchtzorten, Geméiszorten a Kraider aus dem Gaart a vum Feld zesummen. D'Zuel vu Planzen, déi an de Wësch kommen, ass ganz ënnerschiddlech. Dacks gi siwe Kraider als Symbol fir déi siwe Sakramenter an déi siwe Schmäerze vum Maria zesummegebonnen. All Kraider haten eng Bedeitung.

D'Zesummesetzung ass vu Land zu Land ënnerschiddlech.

Ronderëm d'Mëttelmier gi virun allem Palmen, Rousen, Zëmt, Myrrhe, Wäirauch, Wäin a besonnesch Kraider zu engem Wësch zesumme gebonnen. A ländleche Regiounen hänkt d'Zesummesetzung och dacks vun der Heelkraaft a vum Geroch vun de Planzen of.

An eise Géigende gi virun allem follgend Zorte benotzt:

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Krautwësch – Biller, Videoen oder Audiodateien