Wäirauch

Haarz vum Wäirauchbam

Wäirauch ass den Haarz vu verschiddene Bamaarten aus der Famill vun de Balsambamgewächser (Burseraceae), méi genee vun den Aarten

  • Boswellia sacra - arabesche Wäirauch
  • Boswellia carteri - somalesche Wäirauch
  • Boswellia fereana - Elemi-Wäirauch
  • Boswellia papyrifera - ethiopesche Wäirauch
  • Boswellia serrata - indesche Wäirauch
Wäirauchtrausch
Wäirauchkären

Verwendung änneren

an der Medezin änneren

an der Relioun änneren

An enger ganzer Rei vu Reliounen gëtt Wäirauch zur Veréierung vun enger Gottheet verbrannt, wëll en dann e Geroch verbreet dee vu ville Leit als gutt an agreabel empfonnt gëtt (et gëtt awer och Leit déi en net verdroen). Dëse Brauch gouf et och schonn am Altertum.

An der kathoulescher Kierch änneren

An der kathoulescher Liturgie gëtt Wäirauch virun allem an der Mass gebraucht. Et gëtt an engem Wäirauchschëffelche versuergt a mat engem Läffelchen op eng gliddeg Kuel am Wäirauchfaass geluecht. Domat ginn den Altor, d'Evangelium, Brout a Wäin an d'Vollek Gottes inzenséiert (bewäiräuchert).

E Massendénger deen d'Rauchfaass dréit heescht Thuriferar, dee mam Schëffelchen Navikular.

Um Spaweck änneren

Commons: Incense – Biller, Videoen oder Audiodateien