Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Späicher vun engem Wunnhaus. Fir aner Bedeitunge vum Wuert, kuckt wgl. Späicher (Homonymie).

De Späicher ass de leschte Stack an engem Haus ënner dem Daach. Dacks ass de Späicher ee grousse Raum, deen net ënnerdeelt ass an eng aner Héicht huet, wéi déi aner Raim am Gebai. Wéinst der Konstruktiounsweis vum Gespär kënnen d'Maueren oder de Plaffong vum Späicher ganz oder deelweis schif sinn.

E Späicher an engem Gebai zu Berlin

De Späicher ass heiansdo méi schwéier accessibel a kann ënner anerem gebraucht ginn, fir verschidde Saachen an Ekipementer ze lageren.

Um Spaweck änneren

Commons: Späicher – Biller, Videoen oder Audiodateien