Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Karblumm oder Kuerblumm (Centaurea cyanus) ass eng Planzenaart, déi zur Gattung vun de Flackeblummen (Centaurea) an der Famill vun den Asteraceae gehéiert. Si ass e bekannte Vertrieder vun den Archeophyten, Planzen, déi viru 1492 an eis Géigenden agewandert sinn.

Karblumm
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Gattung Centaurea
Aart Karblumm
Wëssenschaftlechen Numm
Centaurea cyanus
L.

Et gëtt och eng Variant vun der Karblumm, déi wäiss Bléien huet, mat dem wëssenschaftlechen Numm Centaurea cyanus var. alba.[1].

D'Karblumm huet zanter Mënschegedenken als Begleetplanz[2] vun der Fruucht eng Roll an der Kultur gespillt. Sou war d'Kuerblumm bei den alen Egypter eng helleg Planz, déi de Pharaonen mat an d'Graf geluecht gouf, oder mat där Iesswueren blo gefierft goufen. An der rezenter Geschicht war d'Karblumm en heemlecht Erkennungszeeche vun den Nazien an der Zäit virun 1933, wou si am Ënnergronn agéiert hunn.

Am lëtzebuergesche Folklore ass d'Karblumm als wichtege Bestanddeel vum Krautwësch ze fannen.

Deen alleréischte Lyrikband op Lëtzebuergesch, vum Jean-François Gangler, deen 1840 erauskoum, hat den Titel: Koirblummen um Lamperbiéreg geplekt (an haiteger Schreifweis: "Karblummen um Lampertsbierg gepléckt").

  1. Lat.: "var." = "varietas" = Variant.
  2. Et kéint een och Onkraut schreiwen, wat an dësem Kontext awer falsch wier, well d'Begleetplanzen weltwäit bis viru relativ kuerzer Zäit kulturell eng wichteg Roll gespillt hunn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Centaurea cyanus – Biller, Videoen oder Audiodateien