Kräizwee (Ollem)

(Virugeleet vu(n) Kräizwee-Ollem)

De Kräizwee ass e Lieu-dit zu Ollem an der Gemeng Kielen. Op där Plaz kräizt den CR103 sech mam CR109.

Kräizwee-Ollem
Kräizwee vun Ollem aus gekuckt (CR103)
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Kielen
Buergermeeschter Félix Eischen (CSV)
Koordinaten 49° 39’ 03.01’’ N
      05° 59’ 38.80’’ O

Den CR109 kënnt vum Rond-point am ëstlechen Agank vu Capellen laanscht d'Cité Huesekneppchen a geet nom Kräizwee weider a Richtung Gëtzen.

Den CR103 kënnt vun Holzem iwwer d'Kräizung am westlechen Deel vu Capellen a geet nom Kräizwee weider duerch Ollem a Richtung Kielen.

An den 2000er Joren ass de Kräizwee nei amenagéiert an d'Stroosseféierung liicht verännert ginn. Zanterhier bilden d'Stroossen um Kräizwee kee richtegt Kräiz méi, mä se si liicht versat. Dobäi ass d'Virfaart op der Strooss sou verännert ginn datt elo de Verkéier vu Kielen a Richtung Rond-point Capellen (an ëmgedréint) d'Virfaart huet (also vum CR103 op den CR109). Fréier hat den CR103 riichtduerch d'Virfaart.

Op engem Eck vum Kräizwee steet en Hotel-Restaurant, op zwéin aner Ecke sti Wunnhaiser, de véierten Eck ass net bebaut.

Biller änneren

Kuckt och änneren