Ënner Konsum (Latäin consumere „verbrauchen“) versteht een am allgemenge Sënn de Verbrauch oder d'Consommatioun vu Gidder. Ët ass e gréissert Konzept aus der Ekonomie a gëtt a ville Beräicher vun de Sozialwëssenschafte studéiert.

Liewensmëttel, presentéiert am Rayon vun engem Supermarché a Portland, Oregon, USA

Entwécklung vum Konsum änneren

15. a 16. Joerhonnert änneren

Eng Konsumgesellschaft entwéckelt sech fir d'éischt an England am 15. Joerhonnert. Ënner anerem nom Entstoe vun neien Drocktechnologien a wéinst dem Handel mat Kotteng, ass de Konsum do staark eropgaangen. Eng Konsumgesellschaft gëtt doduerch ausgemaach, datt d'Mënschen do net nëmme méi dat consomméieren a kafen, wat se fir z'iwwerliewe brauchen, mee och déi "schéi" Saache vum Liewen.

18. Joerhonnert änneren

Am 18. Joerhonnert huet sech d'Bevëlkerung dat, wat se net selwer hierstelle konnten, um Maart kaf. Et gouf keng fest Präisser, et gouf gehandelt. Luxusgidder, wéi Gewierzer a wäertvoll Stëfter goufe bis dohin nëmme vum Adel als Prestigeobjet kaf. Mat der Zäit huet d'Biergertum sech emanzipéiert an u Kafkraaft gewonnen. De Fokus ass deemno vum Bedarf op de Wonsch eriwwer gaangen. Et gouf consomméiert, fir eppes duerzestellen. A Groussbritannien ass d'Industrie am 18. Joerhonnert gewuess, a méi Aarbechtsplaze goufe kreéiert. Wéinst der domat verbonnener Hausse vum Akommes vum Biergertum, ass d'Nofro u Massensverbrauchsgidder, wéi zum Beispill Téi, Béier, Seef geklommen. Moudejournalle sinn deemools fir d'éischt opgedaucht a sinn zum erfollegräichste Kommunikatiounsmedium fir d'Konsumgesellschaft ginn. Déi Journallen hunn och d'Bedierfnes nom Konsum gefërdert. Nieft Groussbritannien goufen och Frankräich, Däitschland an Holland vun dëser Revolutioun beaflosst.[1]

19. Joerhonnert änneren

Eng Innovatioun an der Mëtt vum 19. Joerhonnert war d'Plakatsail. Se huet vill Plaz fir Reklamme gebueden a war e wichtegt Mëttel fir d'Héije vum Akommes. Duerch d'Entwécklung vu Reklammen an Zeitungen, Zäitschrëften an der Entwécklung vun der Vitrinn gouf de Konsum andauernd erhéicht. Duerch d'Industrialiséierung an Europa an Nordamerika si komplex Produktiouns-, Transport- an Informatiounsnetzwierker entstanen. Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen déi éischt Konsumhaiser gebaut, déi duerch fest Präisser ausgemaach goufen. Duerch déi gréisser Offer sinn d'Konsumentewënsch an d'Konsumloscht gewuess.[1]

20. an Ufank vum 21. Joerhonnert änneren

D'Wirtschaftswonner an den domat verbonnene Massekonsum huet mam Opbau nom Zweete Weltkrich ugefaangen. Aus den uewe genannte Luxusgidder ass Massewuer ginn. Och koumen an den 1950er Joren international Gidder op de Maart an d'Globaliséierung vum Konsum huet ugefaangen. An den 1960er Joren ass de Maart fir elektresch Apparater explodéiert, an den 1970 dee fir Miwwelen aus Plastik, kostbar Réistoffer an Energiedréier. An den 1980er huet sech dunn eng Aart Luxussucht entwéckelt. Räichtum a Schéinheet sinn ëmmer méi wichteg ginn.[1] Duerch de World Wide Web ass eng nei an innovativ Dimensioun vum Konsum entstanen. Duerch den Internet war et nämlech méiglech direkt beim Produzent an anere Länner ze bestellen. Konsum ass also zu enger Aart Fräizäitbeschäftegung vu ville Mënsche ginn.

Eng weider, aktuell Tendenz ass d'Politiséierung vum Konsum. Verschidden Entreprisë versichen hier Produiten ëm eng politesch Dimensioun ze ergänzen a se opzewäerten (Greenwashing). Dacks sinn et d'Medien, déi op d'politesch Follge vun engem bestëmmte Konsumverhalen opmierksam maachen.

Vill Studie betounen d'Wierkung vum globale Konsum op de Klimawandel. D'Worldwatch Institute huet am Bericht zur Lag vun der Welt 2010 (State of the World Report 2010) drop opmierksam gemaach, datt de weltwäite Konsum "Klimakiller Nummer Eent" wier. Wann déi ganz Bevëlkerung vun der Äerd beispillsweis sou liewe géif wéi en US-Amerikaner, kéint de Planéit nëmme ronn 1,4 Milliarde Mënschen ernieren.[2]

Positiounen änneren

Ekonomesche Standpunkt änneren

Vun engem ekonomeschen Standpunkt aus ass de Konsum e wirtschaftleche Motor. Duerch en héije Konsum kënne Firme vill Produkter hierstellen an doduerch méi Aarbechter ustellen. Déi Aarbechter verdéngen doduerch méi a kënne selwer och a Produkter investéieren, wat de Konsum weider fërdert. De Konsum kann doduerch eng Uräicherung fir d'Wirtschaft vun engem ganze Land sinn a kann domat zu enger Verbesserung vun de Liewensbedingunge féieren.

Ekologesche Standpunkt änneren

An der Ekologie bedeit de Konsum d'Opnam oder d'Verwendung vun natierleche Ressourcë vun engem Organismus. De Konsum bedeit meeschtens ëmmer d'Opkomme vun Offäll. Wa vill Organismen op der selwechter Plaz consomméieren, da sammele sech d'Offäll an dem jeeweilegen Ekosystem. Déi Offäll kënnen dann heiansdo d'Ressourcë fir een oder méi aner Organisme sinn. Am Fall wou dëse biogeocheemeschen Zyklus gestéiert gëtt, dauchen ekologesch Problemer op, déi den Abroch oder den Desequiliber vum Ekosystem als Folleg hunn.

Soziologesche Standpunkt änneren

D'Soziologie betruecht de Konsum als e grondleeënden Akt vum Liewen an der Gesellschaft, besonnesch am Kontext vun der Konsumgesellschaft. Se studéiert de Konsum aus engem méiglecherweis net finanzielle Bléckwénkel, ënner anerem studéiert se d'Motivatioun vum Konsum, d'Aflëss, d'Benotze vu Wueren a Servicer an hir symbolesch Roll.

Philosophesche Standpunkt änneren

D'Philosophie stellt sech besonnesch d'Fro vum Konsum aus enger moralescher Siicht.

Déi meescht grouss Reliounen hunn eng relativ kritesch Positioun zum Konsum. Si si géint de Materialismus dee vum Massekonsum gefërdert gëtt. An hiren Ae gëtt de Mënsch nämlech doduerch vun aneren, méi wichtege Wäerter ofgelenkt.

Debat ronderëm de Konsum änneren

D'Accusatioun géint de Konsum änneren

Een Argument géint de Konsum ass, datt säi Fortschrëtt an den Industrielänner zur Kreatioun vun enger "Konsumgesellschaft" geféiert hätt.

Aus dëser Perspektiv steet ënner dem Begrëff Konsum eng kritesch Visioun vun der moderner kapitalistescher Gesellschaft. Kuerzfristeg géif dëse Begrëff den "Image" an de Besëtz zu neie Wäerter erhiewen, op Käschte vum Mënsch selwer, vu soziale Bezéiungen a vun der Ekologie.

Kritik un der Konsumgesellschaft änneren

Fir Auteure wéi de Jean Baudrillard[3] ass d'Konsumgesellschaft eng sozial a wirtschaftlech Uerdnung, déi op der systematescher Stimulatioun vum Wonsch berout, an ëmmer méi grousse Quantitéite Gidder oder Servicer ze kafen.

Dofir géifen d'Wuere sou hiergestallt ginn, datt se ganz spezifesch dozou tendéiere géifen, manner laang ze halen (geplangt Obsoleszenz). De Verkaf vun der Wuer géif dann ugereizt ginn duerch Efforten an der Promotioun, an dem Beräich vun de Reklammen oder duerch d'iwwerméisseg Loyalitéit vum Client.

Souzesoen hätt d'Offer d'Demande an d'Moral dominéiert.

D'Verdeedegung vum Konsum änneren

Eng Achs vun der Verdeedegung gräift op d'Iddi zeréck, datt de Konsum een Deel vun der natierlecher an inevitabeler Evolutioun wier, déi souwuel aus dem technesche Fortschrëtt, wéi och aus den zouhuelenden Wuelstand resultéiert.

Aus mikroekonomescher Sicht, behaapt d'Verdeedegung vum Konsum, datt säin Zouhuelen d'Fruucht vum natierleche Wonsch no materiellem Wuelbefanne vu jidderengem ass.

D'Verdeedegung vum Konsum berout och op der Iddi, datt dës individuell Decisioun, déi am Prinzip egoistesch no dem an der Konsumsoziologie benotzten Begrëff ass, zu enger allgemenger Beräicherung vun der Gesellschaft féiert.

Konsum schaaft an erhält Jobs, Erhéijung vum Liewensstandard, Innovatioun a mënschlech Kreativitéit etc. Aus dëser Perspektiv si Phenomeener, déi vun der klassescher Moral verurteelt ginn, wéi Verschwendung, Iwwerflëssegkeet, Vergänglechkeet, Ausbeutung a Redundanz, tatsächlech Motore vun der wirtschaftlecher Entwécklung an Innovatioun.

Aus moralescher Sicht, wär d'Sich no dem Iwwerflëssegen esouguer eng vun den Eegenschaften, déi de Mënsch vum Déier, begrenzt a sengen Erwaardungen, Bedürfnisser a Wënsch, ënnerscheeden géif.

Beweegungen zur Rationaliséierung vun de Konsumpraktiken änneren

Et ginn och Beweegungen, déi versichen, d'Konsumpraktiken ze änneren: fairen Handel, kollaborative Konsum, Gruppenakeef vu Geméis beim Bauer etc.

Am gréisseren Ëmfang falen och Moossnamen zur Fërderung vu Bioproduiten, vum Tri vun Offäll a vum manner ëmweltschiedleche Verkéier an dës Kategorie. Mir schwätzen an dësem Fall vu responsabelem Konsum, bei dem d'Auswierkungen op den Ekosystem manner bedeitend sinn.

Konsum zu Lëtzebuerg änneren

Zu Lëtzebuerg ginn am Duerchschnëtt 58.752 € pro Haushalt a Joer fir Konsum ausginn, wouvu 35 % fir Stroum, Gas an aner Brennstoffer ausgi gëtt. Fir den Transport gëtt och em déi 14 % ausginn. Ausserdeem sinn d'Ausgabe fir Iessen, Hotel an Restaurant, souwéi Kultur relativ héich. Awunner vu Lëtzebuerg mussen och wéineg Geld an Ausbildung a Gesondheet investéieren (zesummen nëmmen 3% vun de Gesamtausgaben). Et stellt een och fest, datt méi räich Stéit a méi grousse Prozentsaz vun hirem Geld a Restauranten, Kultur an den Entretie vun hirem Haus investéieren. Woubäi méi aarm Stéit méi fir Stroum, Iessen an Kommunikatioun ausgi mussen, an dofir manner konsuméiere kënnen. Ënnert de privaten Ausgabe gi vill Sue fir Reesen (1300 € am Joer), fir de Gaart an Hausdéieren (950 € pro Joer) a fir informatesch Geräter (500 €) ausginn.[4]

Am europäesche Verglach ass Lëtzebuerg dat 3. deierst Land, wat Akafe goe betrëfft. Am Duerchschnëtt sinn d'Präisser ëm 31 % méi deier wéi am Rescht vun der EU. Besonnesch Iessen, mee och Kleeder si méi deier. Dofir sinn alkoholescht Gedrénks, Tubak an Schong méi bëlleg. Nëmmen Éisträich an Dänemark hunn an der EU méi héich Präisser wéi Lëtzebuerg.[5]

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Europaeische Konsumgeschichte. Zur Gesellschafts- und Kulturgeschichte des Konsums (18. bis 20. Jahrhundert), Rezenséiert fir H-Soz-u-Kult, Dr. Barbara Orland, 18. Dezember 1998, Opruff 2. Juli 2020
  2. Zur Lage der Welt 2010: Maßlos statt nachhaltig, (Memento vum Original vum 26. Februar 2010 am Internet Archive) DRadio Wissen vum 18. Februar 2010
    Worldwatch stellt Bericht zur „Lage der Welt“ vor: Weniger Arbeiten für eine bessere Umwelt?, (Memento vum 22. März 2010 am Internet Archive) Tagesschau.de vum 18. März 2010
  3. Jean Baudrillart, La Société de consommation
  4. Regards sur les inéagalités de la consommation au Luxembourg en 2014. Statec (Juni 2016). Gekuckt de(n) 2020-07-02.
  5. Consommation: Le Luxembourg parmi les pays européens les plus chers pour faire ses courses. 5minutes.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2020-07-02.