Oregon

Staat vun den USA
Oregon
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Beaver State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Salem
Gréisst Stad: Portland
Gouverneur: Tina Kotek
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 9. Plaz
255.026 km²
2,4 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 27. Plaz
4.237.256 (2020)[1]
17,03/km²
Opgeholl als Memberstaat: 14. Februar 1859 (33ten)
Zäitzon: UTC-8/-7/-6

Den Oregon ass e Staat am Nordweste vun den USA.

Geographie änneren

Oregon läit um Pazifik a grenzt am Norden un de Staat Washington, am Süden u Kalifornien, am Osten un Idaho an am Südosten un Nevada. De Columbia River definiéiert de gréissten Deel vun der nërdlecher Grenz, wärend de Snake River de gréissten Deel vun der ëstlecher Grenz definéiert. Oregon ass ee vun nëmmen dräi US-Staaten, déi eng Küst um Pazifik hunn, an déi Proximitéit huet e staarken Afloss op dem Staat säi Klima. Sou ginn en trotz der héijer Latitude relativ waarm Wanteren.

Bevëlkerung änneren

Vu 50 US-Staaten steet Oregon op Plaz 27 wat d'Bevëlkerung betrëfft. 2015 gouf geschat, datt iwwer 4 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 87,6 % als wäiss Amerikaner, 12,7 % als Hispanic/Latino, 4,4 % als asiatesch, 2,1 % als Afroamerikaner an 1,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

Ekonomie änneren

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 50.521 US-Dollar pro Stot a 27.173 USD op de Kapp[1].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Oregon – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Oregon