Kongregatioun vun de Baarmhäerzege Schwëstere vum Hellege Karl Borromäus

Déi Baarmhäerzeg Schwëstere vum hellege Karl Borromäus (och Borromäerinnen) sinn eng kathoulesch Uerdensgemeinschaft, déi sech ëm d'Fleeg vun de Kranke këmmert.

Geschicht

änneren

An der Nout vum Drëssegjärege Krich setzt de Josef Chauvenel, e Jurist an Aarmenapdikter, säi Liewe fir déi Aarm an. No sengem Doud mat 31 Joer, duerch d'Infektioun bei der Fleeg vu Peschtkranken, erfëllt säi Papp Emanuel Chauvenel sengem Jong säi leschte Wonsch a mécht en Haus vun der Baarmhäerzegkeet an der Stad Nanzeg an der Regioun Grand Est op. D'Haus soll vu 5 eelere Frae gefouert ginn a si sollte sech "Baarmhäerzeg Schwësteren" nennen.

Am Grënnungsakt vum 18. Juni 1652 sinn déi zukënfteg Aufgabe vun de Schwëstere festgehalen: aarm a verloosse Kranker opsichen, se fleegen, se mat Almosen ënnerstëtzen, se tréischten, an dofir suergen datt se déi helleg Sakramenter kréien, souwéi d'Ausbreedung vun der Kongregatioun vun de baarmhäerzege Schwësteren.

Unerkannt goufen d'Borromäerinnen den 21. Mee 1663 vum Bëschof vun Toul/Nanzeg.

D'Kongregatioun breet sech vu Frankräich iwwer Däitschland, Béimen, Polen an Éisträich aus, an zanter 1810 an Däitschland, besonnesch am Bistum Tréier. Am Joer 1849 ass fir déi däitsch Néierloossungen eng eege Provënz ageriicht ginn, mam Provinzialmammenhaus zu Tréier.1837 hu si zu Prag e Mammenhaus opgemaach, dat spéider op Trebnitz a Schlesie verluecht gouf. Vun do aus ass Grënnung vun enger däitscher Schoul zu Alexandria decidéiert ginn.

Bedéngt duerch de preisesche Kulturkampf ass d'Provënz 1872 vu Roum als selbstänneg Kongregatioun erkläert ginn, mam Mammenhaus zu Tréier. Dohier si se an Däitschland och als Tréierer Borromäerinne bekannt. Et ass eng Kongregatioun vu peepstlechem Recht (zanter 1859) mat apostoulesch-karitativer Aktivitéit.

Am Joer 1877 huet d'Gräfin Wenckheim, op Urode vun engem Priister, déi éischt Schrëtt zur Grënnung vun engem Altersheem zu Wien ageleet. D'Leedung ass de Borromäerinne vum Mammenhaus vu Prag iwwerdroe ginn. Leider huet d'Statthalterei vu Wien d'Benotze vum Gebai schonn e Joer duerno aus sanitaire Grënn verbueden. D'Kongregatioun huet dunn 2 Haiser opkaaft an am Oktober 1879 ass d'Heem dohi verluecht ginn. 1976 ass d'Heem a "St. Carolusheim" ëmbenannt ginn.

Nom Zweete Weltkrich gëtt d'Kongregatioun nei organiséiert and Uerdensgemeinschaft léisst sech am Klouschter Grafschaft zu Schmallenberg am Sauerland néier, wou se hiert neit Mammenhaus huet. Nieft dem Mammenhaus zu Schmallenberg ass haut och nach e modernt Spidol fir intern Medezin.

Duerch politesch Verhältnesser bedéngt, sinn am Laf vun de Joerhonnerte 7 vuneneen onofhängeg, vu Roum unerkannte Kongregatioune vu Borromäerinnen entstanen.

Den Numm

änneren

Am November 1662 ass der klenger Gemeinschaft méi e grousst Haus geschenkt ginn. Iwwer der Entrée war d'Statu vum hellege Carlo Borromeo. Vun do un sinn d'Schwësteren am Volleksmond "Baarmhäerzeg Schwëstere vum hellege Carlo Borromeo", kuerz "Borromäerinnen" (no der däitscher Versioun vum Numm: Karl Borromäus) genannt ginn. D'Schwësteren hunn den Hellegen zu hirem Patréiner gewielt, och well dem Borromeo seng Grondsätz (d'Léift zu den Aarmen a Kranken, an d'Léift zur Kierch) zu de Grënnungsprinzipie vum Uerde gepasst hunn.

Déi Däitsch Schoul vun de Borromäerinnen an Egypten

änneren

Zu den Europäer, déi am 19. Joerhonnert an Egypte schaffe komm sinn hunn och däitsch Hafenaarbechter gehéiert, déi zu Alexandria geschafft hunn. Sou ass do eng däitsch Gemeng erugewuess, déi iergendwann och eng Schoul gebraucht huet. Zu deem Zweck huet dunn d'Generaloberin vun der Kongregatioun vun de Baarmhäerzege Schwëstere vum hellege Karl Borromäus e puer Schwësteren op Alexandria geschéckt, déi dunn 1884 déi éischt däitsch Schoul vun de Borromäerinnen (DSB) an Egypte gegrënnt hunn.

Wéinst der grousser Nofro ass 1904 eng weider Schoul zu Kairo gegrënnt ginn. Am Joer 2004, honnert Joer duerno, hate si 780 Schülerinnen. Béid Schoule si reng Meederchersschoulen.

D'Borromäerinnen am Iechternacher Spidol

änneren

150 Joer laang ware Borromäerinne vun Nanzeg[1] am Iechternacher Spidol (Hospice Saint-Georges) am Asaz. Si hunn do am Joer 1840 d'Elisabetherinnen aus dem Hospice Saint-Jean aus der Stad Lëtzebuerg, déi zanter 1822 zu Iechternach am Asaz waren, ersat. Op der Basis vum Vertrag, deen d'Spidolskommissioun den 1. Juni 1840 mat dem Mammenhaus vun Nanzeg ofgeschloss huet, sinn dem Spidol fënnef Schwëstere fir den internen Déngscht zur Verfügung gestallt ginn. Eng vun hinnen sollt sech speziell ëm d'Spidolsapdikt këmmeren.[2][3]

Am Joer 1847 ass nach eng sechst Schwëster derbäikomm; si sollt sech besonnesch ëm d'Fleeg vun den aarme Leit, déi krank waren, këmmeren a si doheem besichen.[2]

D'Borromäerinne si bis 1990 zu Iechternach bliwwen.[4] De 26. Mee 1990 huet déi offiziell Abschiedszeremonie am Iechternacher Spidol stattfonnt an den 31. Mee 1990 hu si Iechternach verlooss.[3]

Referenzen

änneren
  1. Kuck: Cuvelier, A., J.P. Grilliat, M. Ribon & J.M. Rouillard, 1993. La médecine. Metz: Ed. Serpenoise, Nancy: Presses Universitaires de Nancy, S. 132-137 (Une congrégation hospitalière lorraine: les soeurs de Saint-Charles).
  2. 2,0 2,1 Massard, J.A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, S. 67.
  3. 3,0 3,1 Seiler, E., 2015. Das Bürgerhospital seit der Französischen Revolution: Die Borromäerinnen in Echternach. In: J. Schroeder et al.: D'Eechternoacher Spidol voan der Grënnung oa bis haut: d'Institutiunn an d'Leit : 698-2015. Echternach, S. 45-65.
  4. Schwebag, P. & G. Pommerell (réd.), 2000. Hospice Civil de la Ville d'Echternach. Eechternoacher Spidol. Centre intégré pour personnes âgées. Impr. Linden, Luxembourg, S. 8.

Um Spaweck

änneren