Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Uerden, vu lat. ordo: Uerdnung, Stand, am Sënn vun enger reliéiser Communautéit, ass eng duerch eng Uerdensreegel festgeluechten Liewensgemeinschaft vu Männer oder vu Fraen, déi sech duerch d'Uerdensgelübde un eng gewëss Liewensform bannen a zesumme liewe wéi z. B. an engem Klouschter oder enger Abtei.

Francisco de Herrera der Ältere: Den hellege Bonaventura trëtt dem Franziskaneruerden bei (1628)

Vu Membere vun engem Uerde sinn normalerweis d'Mënchen z'ënnerscheeden, déi zwar no de selwechte Prinzipien awer eleng, ofgesonnert vun den anere liewen.

An der réimesch-kathoulescher Kierch gëtt en Ënnerscheed tëscht Uerden am eigentleche Sënn (Uerden, déi laang bestinn, dorënner Uerde vu Pateren, Nonnen, geeschtleche Ritteruerden, Heeschenuerden a Regularkanoniker op der enger Säit), an Uerdensgemeinschafte mat neizäitlechem Charakter op der aner Säit gemaach. Déi lescht gi meeschtens als Kongregatioune bezeechent.

Uerdenscommunautéiten am réimesch-kathoulesche Sënn gëtt et an den orthodoxe Kierchen an och an den kathouleschen Ostkirchen kaum. Dat orthodoxt Mënchtum gëtt villméi zum gréissten Deel a selbststännege Kléischter a Kléischterverbänn praktizéiert, sou z. B. d'Mënchsrepublik vum Bierg Athos.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Reliéis Uerden – Biller, Videoen oder Audiodateien