Triptychon
En Triptychon, aus dem Griicheschen triptychos (an dräi Deeler), ass eng Zesummestellung vun dräi Biller, woubäi dat mëttelst fest ugemaach ass, an déi säitlech mam Haaptbild duerch Jarnéiere verbonne sinn.
Den Triptychon ass typesch fir gotesch Altorbiller.
Berüümt Triptychen:
- Guernica (Bild) vum Pablo Picasso
- D'Triptychon an der Mariekierch zu Danzeg vum Hans Memling
- De Genter Altor vun de Bridder van Eyck
- De Gaart vun de Glëschtereien vum Hieronymus Bosch
- Den Heewon vum Hieronymus Bosch
Kënschtler, déi een oder méi Triptyche gemoolt hunn:
- Francis Bacon (Moler)
- Oswald Baer
- Hieronymus Bosch
- Otto Dix: Der Krieg
- Emil Nolde: Maria Aegyptiaca
- Bernt Notke
- Peter Paul Rubens: Tritptychon an der Kierch vu Mechelen
- Eberhard Schlotter
- Andy Warhol
D'Triptychon an der Literatur
änneren- Dem Max Frisch säi lescht Stéck Triptychon.
- Dem Felix Timmermans säi Roman vun 1924 Triptychon vun den hellegen dräi Kinneken.
D'Triptychon an der Musek
änneren- Leoš Janáček: En Triptychon mat als Haaptfigur de Grënner vun der tschechescher Republik, dem Masaryk.
- Gerhard Braun: Tritychon, 1983
Literatur
änneren- Pilz, P.: Das Triptychon als Kompositioins- und Erzählform in der deutschen Tafelmalerei von den Anfängen bis zur Dürerzeit, München, 1970.
- Laubenthal, Annegrit: Paul Hindemiths Einakter-Tritychon, Tutzing, Schneider, 1986.
Um Spaweck
ännerenCommons: Triptychs – Biller, Videoen oder Audiodateien |