Kierch Bärel

kathoulesch Kierch

D'Kierch zu Bärel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Wooltz Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wanseler gehéiert.

Kierch vu Bärel
Filialkierch vu Bärel (2015)

Filialkierch vu Bärel (2015)
Filialkierch vu Bärel (2015)
Uertschaft / Plaz Bärel
Par Wooltz
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Blasius
Baujoer 1787
Koordinaten 49° 57’ 05.3’’ N
      05° 51’ 17.3’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Blasius, deem säi Fest den 3. Februar gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Duerfstrooss, dem CR319A.

Geschicht änneren

Ursprénglech huet Bärel zur Par Bauschelt gehéiert, gouf awer warscheinlech schonn am Mëttelalter zesumme mat der Filial Noutem eng eege Par. Bei enger Visitatioun 1786 gouf festgestallt datt d'Kierch baufälleg war, dofir gouf 1787 ënner dem Paschtouer Nicolas Metzler eng nei Kierch gebaut. Se krut dobäi hiren haitege Patréiner, den hellege Blasius.[1]

Bis de 7. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Bärel, déi zum Parverband Wooltz, Kiischpelt, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Bärel huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vun Noutem gehéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Bärel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Buch Die Gemeinde Winseler, 1980, S. 53