Remigiuskierch vun Nacher
D'Remigiuskierch vun Nacher ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Géisdref gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Nacher (2010) | ||||
Uertschaft / Plaz | Nacher | |||
Par | Öewersauer Saint-Pirmin | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Remigius | |||
Koordinaten | 49° 56’ 47.1’’ N 5° 58’ 39.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Remigius, deem säi Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt.
Se steet am Kierchewee nieft der Schoul, zirka 60 m vun der Kräizung mat dem CR331 an CR321B.
Geschicht
ännerenBis de 7. Mee 2017 war d'Nacher Kierch d'Filialkierch vun der Par Dol, déi zum Parverband Öwersauer, Sankt Pirmin, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Wolz gehéiert huet. Zur fréierer Par Dol huet ausser der Filialkierch vun Nacher och nach d'Parkierch vun Dol gehéiert.
D'Fënstere vun der Remigiuskierch sinn e Wierk vum lëtzebuerger Kënschtler Robert Emeringer vun Aasselbuer, a stellen d'Fester vum Kierchejoer duer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Remigiuskierch vun Nacher – Biller, Videoen oder Audiodateien |