D'Kierch zu Iewerleng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.

Kierch vun Iewerleng
Parkierch vun Iewerleng (2014)

Parkierch vun Iewerleng (2014)
Parkierch vun Iewerleng (2014)
Uertschaft / Plaz Iewerleng
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Maximäin
Baujoer 1769
Koordinaten 49° 46’ 24.0’’ N
      05° 57’ 17.1’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Maximäin, deem säi Fest den 29. Mee gefeiert gëtt.

Se steet am Süde vun der Uertschaft Am Eck. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Iewerleng gehéiert ausser der Parkierch vun Iewerleng och nach d'Filialkierch vu Schandel.

Geschicht änneren

1808 gouf Iewerleng eng eege Par, mat Schandel als Filial.

1852 gouf d'Kierch eng zweet Kéier vergréissert a krut e Grondrëss a Form vun engem Kräiz. Ageweit gouf se 1864, an d'Kierchepatréiner ware vun do un den hellege Maximäin, d'helleg Margeréit an d'helleg Agatha. Am rietse Säiteschëff gouf den Altor aus schwaarzem Marber opgeriicht.

1958 krut d'Kierch no enger Renovatioun eng Waarmloftheizung.

Déi grouss Restauratioun vun 1971 änneren

Ënner dem Paschtouer Léon Hoffmann koum et 1971 zu enger kompletter Renovéierung. Den Héichaltor an de Säitenaltor, déi am neogotesche Stil waren, goufen ewechgeholl. Den Duxall gouf ofgerappt, d'Fënstere goufen all ersat an eeche Bänke goufen opgestallt. Den ale wäertvolle Priedegtstull krut eng nei Funktioun. E gouf ëmgebaut, a gëtt als Ambo benotzt.

An dat lénks Säiteschëff koum 1972 eng nei Uergel vun der Firma Sebald vun Tréier an et gouf do Plaz geschaf fir de Kierchechouer. D'Heizung gouf ausgebaut an de Kiercheraum krut en neie Buedembelag.

Den neien Héichaltor änneren

1988 gouf ënner dem Paschtouer Nicolas Hardt en ale Barockaltor, dee virdrun an der Méchelskierch stoung, am Chouerraum opgestallt.

D'Fënsteren änneren

D'Kierchefënstere si vum Jean Zanter, dem Jong vum Gustave Zanter

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Iewerleng – Biller, Videoen oder Audiodateien