Dräifaltegkeetskierch zu Schandel

(Virugeleet vu(n) Kierch Schandel)

D'Dräifaltegkeetskierch vu Schandel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.

Kierch vu Schandel
Filialkierch vu Schandel (2014)

Filialkierch vu Schandel (2014)
Filialkierch vu Schandel (2014)
Uertschaft / Plaz Schandel
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Dräifaltegkeet
Baujoer 1709
Koordinaten 49° 47’ 29.4’’ N
      05° 58’ 29.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass der Helleger Dräifaltegkeet (1. Sonndeg no Päischten) geweit an huet als Niewepatréinesch d'Helleg Sophie. Si ass de chrëschtlechen Dugende Fides (Glawen), Spes (Hoffnung) a Caritas (Léift) gewidmet.

D'Kierch steet an der Duerfstrooss zentral an der Uertschaft.

Zur fréierer Par Iewerleng gehéiert ausser der Filialkierch vu Schandel och nach d'Parkierch vun Iewerleng.

Gebai änneren

Den eelsten Deel vun der Kierch ass aus dem Joer 1709. Am Joer 1883 gouf de Kierchtuerm ugebaut, sou wéi d'Schrëft iwwer dem Portal et ugëtt.

Eng éischt Renovatioun ass 1891 erfollegt. Och gouf de Chouer deemools ugebaut an den Duxall gouf nei ausgebaut a vergréissert duerch en Duerchbroch an den Tuerm.

Am Joer 1963 gouf d'Schandeler Kierch duerch den Ubau vun enger Sakristei an engem Versammlungssall vergréissert. Dës Aarbechten hu genee ee Joer gedauert a wärend dëser Zäit waren d'Gottesdéngschter am Pompjeesbau. Den 8. Dezember 1964 gouf se feierlech duerch de Monseigneur François Ndong, Bëschof vu Libreville (Gabun), ageseent.

An dëser Mass gouf och eng nei Muttergottesstatu ageseent an eng nei Klack geweit. Dës nei Klack ass op den Toun Si b ofgestëmmt a gouf an der Eifeler Klackegéisserei Johannes Mark zu Brockscheid gegoss. Si ass der Onbefleckten Empfängnis gewidmet mat der Schrëft "Ave Maria" an der Widmung "Zur Erinnerung an die Renovierung der Kirche - 1964".

Am Nomëtteg vun dësem Festdag huet den Deche Michel Conrad vun Osper déi nei Kräizweestatioune geseent.

Déi lescht gréisser Aarbechte (neien Ustrach) ginn op d'Joren 1991/92 zeréck.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Dräifaltegkeetskierch zu Schandel – Biller, Videoen oder Audiodateien