D'Kierch vu Gräisch war eng kathoulesch Kierch déi bis zu hirer Entweiung 2022 zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Habscht gehéiert huet. Bis 2007 war et Parkierch vun der fréierer Par Gräisch.

Kierch vu Gräisch

Uertschaft / Plaz Gräisch
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Maximäin
Konsekratioun 1906
Desakraliséiert 15.10.2022
Architekt(en) Jean-Pierre Knepper
Baujoer 1904-1905
Koordinaten 49° 42’ 33.7’’ N
      05° 59’ 15.1’’ O
Kierchen - Kapellen

Si war dem hellege Maximäin geweit, an hat als Niewepatréinesch d'helleg Appolonia.

D'Kierch steet op der Kräizung vum Kierchepad mat der Tëntenerstrooss, dem CR112.

Geschicht änneren

Gebai änneren

Déi haiteg Kierch gouf an de Joren 1904-1905 no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper gebaut. D'Konsekratioun war den 13. Oktober 1906.

2013 gouf den Zelebratiounsaltor liicht ëmgeännert: en ass op ee Fouss gesat ginn, an d'Mensa (Altorplack) gouf erneiert, soudatt den Altor elo harmonesch an d'Gesamtbild vun der Kierch erapasst. Donieft gouf en hëlzenen Ambo ugeschaaft.

Series pastorum änneren

  • Martin vu "Corrich" (? Käerch), - 1517,
  • Nikolaus Fabri, 1517 - ?,
  • Reinhart (?), ? - 1535,
  • Mathis vu Garnech, 1555 - 1573,
  • Nicolaus Hollenstein vun Arel, 1573 – 1588,
  • Peter Ramburgh, 1588 - ?,
  • Joannes Strassen vu Sandweiler,
  • Joannes Esinger, 1654,
  • Nicolaus Braun, 1660,
  • Ernest Meyer, Kaploun,
  • Joannes Petrus Franck, 1696,
  • Henricus Schiltz, 1721,
  • Joannes Nicolaus Nockeltz, 1743,
  • M. Ries vu Beefort, 1762 – 04.04.1772,
  • Henricus Michels, 24.06.1772 – 10.06.1793+,
  • Franz Xaver Nothumb vu Biissen, Mäerz 1794 – 01.01.1804,
  • Henry Bernardy vu "Wolflingen" (? Wolwen), 01.07.1808 – 01.03.1813,
  • Johan Michel Steinbach vu Metzert, 1813 – 1822,
  • Nic Schreiber vun Äischer, 01.10.1822 – 21.12.1836,
  • Dominik Fischbach vu Keespelt, 02.02.1837 – 01.01.1883,
  • Peter Jung vun Izeg, 22.01.1883 – 29.07.1898,
  • Martin Blum, 01.09.1898 – 01.12.1903,
  • Petrus Schons, Kaploun zu Kaalmes, Parverwalter, November 1903,
  • Joseph Menningen vun Iechternach, 22.11.1903 – 18.08.1910,
  • Johannes-Petrus Wampach, 18.08.1910 – 04.10.1915,
  • J.P. Reisen vu Selschent, 04.10.1915 – 24.05.1917,
  • Reinhart Schmit vun Duelem (Réimech), 21.08.1917 – 01.09.1922,
  • Joseph Mathieu vu Kielen, 12.09.1922 – 07.03.1928,
  • Paul Driesch vu Schraasseg, 05.09.1928 – 01.09.1937,
  • Albert Becker, Kaploun zu Kaalmes, Parverwalter, 1937,
  • Albert Meyers vu Bungeref, 16.08.1937 – 01.11.1946,
  • Jean-Pierre Lahr vun Ohn, 01.12.1946 – 1963. Hie war dee leschte Paschtouer, deen zu Gräisch am Parhaus gewunnt huet. Hie gouf 1953 vu Gräisch op Sëll versat an huet vun do aus d'Par verwalt.
  • Joseph Simminger vu Munneref, Parverwalter, 1963 – 1985,
  • Camille Ferber scj vun Esch-Sauer, Parverwalter, 1985 – 21.08.2004
  • Joël Santer vu Wecker, 21.08.2004 – 15.10.2022

Fir ze liesen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Gräisch – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
D'Kierch vu Gräisch