Jean Thill (Moler)
lëtzebuergesche Moler an Olympionik
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kënschtler Jean Thill. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean Thill. |
De Jang Thill oder Jean Thill, gebuer den 23. Januar 1913 zu Beggen, a gestuerwen de 26. November 1984 um Briddel, war e lëtzebuergesche Moler, Glaskënschtler an Olympionik.[1]
Jean Thill | |
---|---|
Gebuer |
23. Januar 1913 Beggen |
Gestuerwen | 26. November 1984 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Hien huet en Architekturstudium zu Paräis an zu München gemaach.
Zu Bréissel huet hien Zeechnen a Skulptur studéiert.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[2].
Wierker
änneren- Fënsterwand aus Bëtonglas (1968-1971) op der Südsäit vun der Briddeler Kierch
- Fënnef Fënsteren - eng iwwer dem Haaptportal (1963), zwou beim Duxall (1969) an zwou am Chouer (1969) - an der Bartrenger Kierch
- Wandmolerei am Chouer a liturgescht Mobiliar an der Beggener Kierch