Karl G. Jansky Lecture

D'Karl G. Jansky Lecture ass e Präis fir Astronomie (a speziell Radioastronomie) vum National Radio Astronomy Observatory (NRAO) vun der USA. En ass nom Astronom Karl Guthe Jansky genannt, deen 1932 als Éischte Radiosignaler aus enger kosmescher Quell (Zentrum vun der Mëllechstrooss) fonnt hat an domat d'Radioastronomie gegrënnt hat. De Präisdréier hält seng ëffentlech Virliesung zu Charlottesville (Sëtz vum NRAO) a Socorro (New Mexico, an der Ëmgéigend vum Very Large Array).

Ënner de Präisdréier si bis elo sechs Nobelpräisdréier (Townes, Chandrasekhar, Penzias, Wilson, Fowler, Taylor) ze fannen.

PräisdréierÄnneren

A Klameren der Titel vum Virtrag.

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

Um SpaweckÄnneren