D'Kapell vun Uewerdonwen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Fluessweiler gehéiert.

Kapell vun Uewerdonwen
D'Kapell vun Uewerdonwen (2013)

D'Kapell vun Uewerdonwen (2013)
D'Kapell vun Uewerdonwen (2013)
Uertschaft / Plaz Uewerdonwen
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Gangolf
Baujoer 1874
Koordinaten 49° 39’ 03.8’’ N
      06° 23’ 57.7’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kapell aus südlecher Richtung gesinn

Se steet an der Kierchestrooss (Rue de l'église), den CR143. Ronderëm d'Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 20. November 2020 gouf d'Kapell als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur Par Nidderdonwen gehéieren ausser der Kapell vun Uewerdonwen och nach d'Parkierch vun Nidderdonwen an d'Filialkierch vun Ohn.

De Patrozinium änneren

Patréiner ass den hellege Gangolf, deem säi Fest den 11. Mee gefeiert gëtt.

Geschichtleches änneren

Am Joer 929 huet de Karl Martell der Tréierer Abtei Sankt Maximäin den Haff Uewerdonwe geschenkt, ënner der Konditioun, datt d'Abtei sech misst ëm den Ënnerhalt vun der Kapell këmmeren.

Déi haiteg Kapell gouf ënner dem Paschtouer Jang Sax (1869-1911) am Joer 1874 gebaut.

Datt scho virdrun eng Kapell zu Uewerdonwe stoung, geet aus engem Riichterbescheed ervir, dee bei den Archive vum Conseil Provincial mat der Nummer 1146 a 1529 läit. De 5. Mee 1539 goung et ëm e Sträit tëscht dem Jang Hantzmann, dee vu 1534 bis 1554 Paschtouer zu Uewerdonwen war, an den Awunner vun do. Et ass ëm d'Entschiedegung gaangen, déi hie sollt kréien, fir "wie vor alters her alle 14 Tage und an den zwei Kirmestagen" eng Mass ze halen. No deem Sproch hat de Paschtouer fir d'Kiermes 3 an all anere Geeschtlechen zwéi Steiwer als Stipendium zegutt.

Klack änneren

An der Kapell vun Uewerdonwen war bis de September 2016 déi drëtteelste Klack aus dem Land am Asaz. Se gouf ëm d'Joer 1440 gegoss, weit 108 kg an ass 53 cm héich. Well se awer ni gedréit gouf, ass se op enger Säit zimmlech dënn ginn an se huet missen ausgetosch ginn[2].

Déi nei Klack, déi 108 kg weit, 56 cm héich ass an och en Duerchmiesser vu 56 cm huet, gouf de 16. Abrëll 2016 an enger Klackegéisserei an der Eifel gegoss. Se gouf de 25. September 2016 dem hellegen Celsus geweit. Déi al Klack bleift an der Kapell erhalen an ass am Chouer opgehaangen[3].

Déi aus dem 15. Joerhonnert gouf den 29. Mäerz 2019 als Nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Munumenter agedroen.[1]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kapell Uewerdonwen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Nach 576 Jahren ausgedient, am Luxemburger Wort vum 24. September 2016, S.45
  3. Tania Demuth-Felten: Dem hellege Celsus geweit, am Luxemburger Wort vum 4. Oktober 2016, S.69