Gangolf vun Avallon
Den hellege Gangolf oder Gengoul vun Avallon (lat. Gengulphus) war e burgundesche Ritter aus dem 8. Joerhonnert, deen zur Zäit vum Kinnek Pippin ëmbruecht gouf (ëm 760?). Hie gëtt an der kathoulescher Kierch als Hellegen a Märtyrer ugesinn.
Gangolf vun Avallon | |
---|---|
Titel | |
Biographie | |
Gebuer |
702 jul. Varennes-sur-Amance |
Gestuerwen |
760 Avallon |
Aner Informatiounen | |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 11. Mee |
Legend
ännerenEnges Daags huet de Gangolf, an der Géigend vu Bassigny (Arrondissement Langres) e Buer entdeckt, deen hie kafe wollt. D'Leit waren iwwerrascht, datt hien eng Quell kafe wéilt, déi wäit vu sengem Wunnsëtz ewech louch. Wéi hien nees doheem zu Varennes-sur-Amance war, huet den Hellege säi Staf an de Buedem gestach an direkt koum do Waasser erausgesprëtzt, iwwerdeems de Buer zu Bassigny op eemol dréche war.
Et ass zur Erënnerung un dëst Wonner, datt den Hellege Gangolf dacks mat engem Staf an der Hand ofgebillt gëtt. D'Waasser aus dësem Buer gouf als Wonner ugesinn an et gouf eng Kapell opgeriicht.
Kuerz nodeem hie bestuet war, gouf him gesot, datt seng Far hie mat engem Paschtouer bedrunn hätt, wat si awer ofgestridden huet. Mä de Gangolf huet hir net gegleeft an en huet verlaangt, datt e gëttlecht Urteel gesprach géif: hien huet gefuerdert, datt seng Fra hir Hand an d'Waasser vum Buer zappe sollt. Wéi se hir Hand nees erauszitt, war déi komplett verbrannt. De Gangolf huet hir deelweis verzien an hir souguer d'Hallschent vu senge Besëtztum vermaach, awer si däerf net méi a seng Kummer kommen.
De Paschtouer gouf ausser Landes verbannt, mä déi ontrei Fra huet hiren Amant nees geschwë bei sech geruff. De Paschtouer koum erbäi, huet de Gangolf ermuert a sech mat senger Libhaberin duerch d'Bascht gemaach.
Kuerz drop solle sech um Graf vum ermuerte Gangolf Wonner ofgespillt hunn. Wéi seng Fra dat héieren huet, huet si doriwwer de Geck gemaach: „De Gangolf mécht grad esouvill Wonner wéi mäin Hënner Lidder séngt.“ Si krut hir Strof direkt: soubal si dat gesot hat, koumen onanstänneg Geräischer aus hirem Hënner an dat huet sech doropshin all Freideg, dem Doudesdag vum Gangolf, widderholl. Soubal si en eenzegt Wuert gesot huet, huet si haart misse fuerzen.
De Paschtouer ass iwwerdeems un enger béiser Krankheet gestuerwen: et ass bannenzeg zerfriess ginn.
Duerstellung
ännerenDe Gangolf gëtt meeschtens als Ritter mat engem Schwäert an enger Lanz duergestallt, heiansdo mat engem Säbel, engem Fändel an engem Handkräiz. Seng Kierchen oder Kapellen sinn dacks an der Géigend vun enger Quell oder engem Buer.
Veréierung
ännerenDem Gangolf säin Dag ass den 11. Mee.
Den hellege Gangolf gëtt ugebiet:
- bei schwierege Situatiounen am Bestietnes
- bei Aen-, Haut- a Gelenkkrankheeten
Hien ass de Patréiner vun de bedrunne Männer, vun de Päerd, de Händschemécher, Schousteren, Gierwer a Jeeër.
Éierungen
ännerenFir un de Gangolf vun Avallon z'erënneren, huet de Stater Schäfferot den 28. Oktober 1960 decidéiert, eng nei Strooss déi zu Märel gebaut gouf, no him ze nennen: d'Rue Saint-Gengoul[1].
Kuckt och
änneren- Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen
- Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg, déi dem Gangolf geweit sinn:
Um Spaweck
ännerenCommons: Gangolf vun Avallon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Archives Ville de Luxembourg. www.archives-vdl.findbuch.net. Gekuckt de(n) 05.09.2024.