D'Kierch zu Ohn ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Wuermer gehéiert.

Kierch vun Ohn
Filialkierch vun On (2009)

Filialkierch vun On (2009)
Filialkierch vun On (2009)
Uertschaft / Plaz Ohn
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hellegt Kräiz
Koordinaten 49° 37’ 38.6’’ N
      06° 25’ 15.6’’ O
Kierchen - Kapellen
De Chouer

D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. De Festdaag ass de 14. September.

Se steet am Duerfkäer an der rue Aly Duhr.

Den 23. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Nidderdonwen gehéieren ausser der Filialkierch vun Ohn och nach d'Parkierch vun Nidderdonwen an d'Kapell vun Uewerdonwen.

D'Kierchefënsteren änneren

D'Kierchefënstere stamen aus dem Glasmolereiatelier vum W. H. Jansen vun Tréier.

Klacken änneren

Den 22. Abrëll 1957 op Ouschterméindeg sinn 3 nei Klacke vum Bëschof Léon Lommel geweit ginn. Deemools war den Ohner Paschtouer den Nikolaus Wagner an de Kaploun den Nikolaus Rausch. D'Klacke goufen de 25. Februar 1957 vum Johann Mark zu Brockscheid an der Äifel, vun der haiteger Eifeler Glockengießerei Mark, gegoss. All Klack huet 8 Dafpätteren an 8 Dafgiedelen.

Klack Gewiicht Grondtoun Gewidmet Opschrëft
1 295 kg si hellege Jousef Ecce fidelis servus. Adjutor et protector noster, in nomine sancto tuo speramus
2 445 kg la Mutter Gottes Ave spes nostra. Sub tuum praesidium confugimus, sancta Dei Genitrix
3 750 kg la dièse Hellegt Kräiz Fulget crucis mysterium. Nos autem gloriari oportet in cruce Domini nostri Jesu Christi

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Ohn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).