Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Kachkéis Kultur ass eng Podcastradiosemissioun op Lëtzebuergesch, an där Lëtzebuerger Museker a Lëtzebuerger Museksgruppen a Form vun engem Interview virgestallt ginn.

Den Ufank hat de Podcast den 30. Mee 2023 mat der Verëffentlechung vum Interview mam Jazz/Fusion Gittarist Claude Pauly gemaach, an huet vun deem Zäitpunkt u bis den 28. August 2023 onreegelméisseg op Spotify, Apple Podcast, Amazon Music, Stitcher, Castbox an iHeart Radio verëffentlecht.

Säit dem 28. August leet Kachkéis Kultur d'Haaptgewiicht op Interviewen, an et ass Méint laang näischt aneres méi komm. Virdru war den dräizéngjäregen Host, de Charel Schiltz, gréisstendeels op Festivallen zu Lëtzebuerg, an huet d'Atmosphär beschriwwen, an déi eenzel Bands a Museker unhand vu Recherchë virgestallt. Dat ,,Festival Format" soll awer no dem Host am Mee 2024 erëm vereenzelt opkommen. Weider Informatioune sinn nach net bekannt.

Säit dem 28 August 2023 ass Kachkéis Kultur deel vu Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA, a gëtt soumat all Méinde vu 15:00 bis 16:00 op der Antenn vum Radio ARA diffuséiert. Kachkéis Kultur gëtt, wéi an all Episod gesot, am Studio vum Radio ARA, op der Place des Rotondes an der Staat Lëtzebuerg opgeholl.

Kachkéis Kultur huet ëmmer, 1 Woch virdrun, den nächsten Interviewpartner op der Websäit www.kachkeiskultur.com stoen, a verëffentlech ëmmer den Owend virun der Diffusioun op Instagram, an um Facebook Account mam selwechten Numm e Poust, an deem nach eng kéier den Interviewpartner genannt gëtt, grad wéi d'Zäiten an d'Frequenzen..

Bei Kachkéis Kultur ass all Woch en anere Museker / eng aner Band zu Gaascht.

Interviewen änneren

  1. Claude Pauly (Jazz/Fusion)
  2. Claude vun Orange Squad (Rock)
  3. Gone Machado (Rap)
  4. Freshdax (Rap)
  5. Blanket Hill (Metal)
  6. Versus Bugs (Folk/Punk)
  7. CHAiLD (Pop)
  8. Kaméidi - Luxembourg's finest Metalpodcast
  9. Nicool (Rap)
  10. Mallows (Skate Punk)
  11. The cookies (Funk)
  12. Maz (Rap)
  13. Tom Gatti (Produzent)
  14. Serpent Bite (Metal)
  15. Pascal vu Woolz ë.a. vir Weakonstruction (Rock/Folk)
  16. Kitshikers (Metal)
  17. Schëppe Siwen (Folk)
  18. Deep Dive Culture (Alternative Rock)
  19. Scarlet Anger (Trash Metal)
  20. Maale Gars (Pop/Rap)
  21. Sempervirent (Rock/Metal)
  22. Them Lights
  23. Luk. (Rap)
  24. Shmogan Shogan
  25. Tuys (Rock)
  26. Sun Smash Palace
  27. Dontnod (Crossover)
  28. Pleasing (Alternative Rock)
  29. Drogher (Metal)
  30. Hunneg Strëpp
  31. Alfalfa (Pop)
  32. Hunneg Strëpp
  33. Eddie Keller (Teaser)
  34. Daniel Balthasar
  35. Hexeen (Black Metal)
  36. Leen (Rock)
  37. Marcy (Pop)
  38. Pineway (Rock)

Festivallen änneren

  1. Festiv'ell (Ell)
  2. Millrock Festival (Consdorf)
  3. Eastcoast Festival (Mertert)
  4. e-Lake festival (nemmen Recherch)