Pleasing

lëtzebuergesch Museksgrupp

Pleasing ass e lëtzebuergesche Math-Rock-Trio ëm de Sänger Patrick Miranda.

Pleasing
Museksgenre Math Rock, Post Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2018
Websäit Facebook, Instagram
Memberen Patrick Miranda (Gesank, Gittar)
Xavier Hofmann (Bass), Sacha Ewen (Batterie)

Geschicht änneren

2016 huet de Patrick Miranda an der Metalcoreband Awakening the Seasons gespillt, déi sech 2017 getrennt huet.[1]

De Projet Pleasing gouf 2018 vum Patrick Miranda als Soloprojet an d'Liewe geruff. Och wann de Projet an Tëschenzäit zu engem Trio ausgewuess ass gëtt de Patrick Miranda nach ëmmer als "de" Pleasing bezeechent.[2]

Déi éischt EP vu Pleasing mam Titel Polara an d'Singleauskopplung mam selwechten Numm koumen 2018 eraus. Am selwechte Joer huet Pleasing och beim Screaming Fields matgemaach a gouf do fir e Concert am Stater Café De Gudde Wëllen gebucht.

Déi zweet EP 1&2 gouf d'Joer drop am selwechte Café presentéiert. The Choppy Bumpy Peaches a Rat October waren als Support Acts mat dobäi. Op där EP hunn de Bassist Xavier Hofmann an de Batteur Sascha Ewen, déi de Patrick Miranda virdru just live begleet hunn, hir Musek schonn deels selwer geschriwwen.[3] Wéi schonn déi éischt EP ass och 1&2 en instrumentaalt Wierk, also ouni Gesank.[4] Am selwechte Joer si Pleasing och op der Fête de la Musique an der Stad Lëtzebuerg, de Congés annulés an de Rotonden, um Festival On Stéitsch an a Caféën opgetrueden.

Am Februar 2020 war den Trio den Opener vu Mutiny on the Bounty an de Rotonden. Donieft hu Pleasing och d'Lidd Coma mam Rapper Maz opgeholl.

Am Mäerz 2021 koum d'Lidd Spill Yourself eraus, deen d'Bezéieung tëscht dem Patrick Miranda a senger Mamm behandelt[5] a fir dat de Shade Cumini e Museksclip gedréint huet. Am selwechte Mount hu Pleasing en Theaterstéck iwwer mental Gesondheet an de Rotonden geschriwwen an opgefouert, dat iwwer de Kulturkanal live iwwerdroe gouf.[5]

Den éischten Album In the Mood for Super Dark Times koum am Oktober 2021 op de Maart. Iwwer d'Single an de Video Sundays Are Supposed to Feel Lonely huet dat däitscht Onlineportal kulturnews.de geschriwwen:[6]

Der Song handelt von dem Gefühl, in einer Endlosschleife gefangen zu sein, in der kein Fortschritt zu machen ist – und das Musikvideo von Rares Matei fängt dieses Gefühl mit seinen heimsuchenden Aufnahmen von verlassenen Übergangsräumen perfekt ein.

Op der EP For Us to Escape (2023) hu Pleasing - nieft dräi Lidder op Englesch - mat Viver fir d'éischte Kéier och en Titel op Portugisesch verëffentlecht.[7],[8] Si gouf vum Jan Kerscher produzéiert a vum Tom Gatti gemastered.

2023 ass de Projet ënner anerem op der Diddelenger Fête de la Musique, de Francofolies zu La Rochelle an zu Esch-Uelzecht an dem Motocultur Festival Open Air an der Bretagne opgetrueden.

Numm änneren

De Kënschtlernumm Pleasing kënnt vum englesche Saz It’s oddly beautiful how lonely we all are, deen de Patrick Miranda virun 2018 opgeschriwwen hat. Hie wollt doraus e méi kuerze Kënschtlernumm maachen.[1] Seng Frëndin huet "Oddly Pleasing" proposéiert, an de Patrick Miranda ass bei "Pleasing" hänke bliwwen. "Pleasing" kann een als "erfreelech" oder "agreabel" iwwersetzen.

Musek änneren

D'Texter an d'Musek vu Pleasing zielen zum Genre Math Rock a si generell däischter. En Haaptthema an de Lidder vu Pleasing ass mental Gesondheet.[2],[4],[9] De Patrick Miranda war am Alter vu 16 Joer fir d'éischt Kéier wéinst Suizidversuch an der Psychatrie. 2019 war hien eng zweet Kéier do. D'Texter, déi hien an där Zäit an en Notizblock geschriwwen huet, waren d'Basis fir säin Album In the Mood for Super Dark Times (2021).

Diskografie änneren

Album änneren

  • 2021: In the Mood for Super Dark Times

EPen änneren

  • 2018: Polara
  • 2019: 1 & 2
  • 2023: For Us to Escape

Singlen änneren

  • 2018: Polara
  • 2019: 1
  • 2020: Coma (mam Maz)
  • 2021: Spill Yourself
  • 2021: bplr
  • 2021: Oddly
  • 2021: Sundays Are Supposed to Feel Lonely
  • 2022: Y in You
  • 2022: The Structure's Above
  • 2023: Feed Me to Those I Envy the Most

Extern Linken änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 today.rtl.lu: 'Pleasing' to perform at 'De Gudde Wëllen’ (20. September 2019)
  2. 2,0 2,1 Podcast Kulturpur - Am Gespréich mam Pleasing (September 2022)
  3. tageblatt.lu: Stur bleiben: Patrick Miranda veröffentlicht die zweite EP seines Soloprojekts Pleasing vum Jeff Schinker (16. Oktober 2019)
  4. 4,0 4,1 lequotidien.lu: « Pleasing » évacue ses tourments dans son premier album vum (9. Oktober 2021)
  5. 5,0 5,1 eldo.lu: Neie Projet aus Lëtzebuerg: Pleasing! (13. Abrëll 2021)
  6. kulturnews.de: Pleasing: „sundays are supposed to feel lonely“ – Leben in der Warteschleife (1. Oktober 2021)
  7. culture.lu: Pleasing, un groupe à part vum Pablo Chimienti (11. April 2023)
  8. eldo.lu: Pleasing zeréck mat neier EP "for us to escape" (18. Abrëll 2023)
  9. eldo.lu: Artists for Mental Health (13. Oktober 2022)